Wéi all Joer ëm dës Zäit, dreift d'Gripp nees hiert Onwiesen am Land. D'Zuel vun den Infektiounen ass d'lescht Woch massiv an d'Luucht gaangen.

Dat weisen d'Zuele vun der Santé. Wärend an der éischter Januarwoch nach 746 Fäll gemellt goufen, waren et an der zweeter ganzer 1.342 Fäll, wat eng Hausse vun 80% duerstellt. Wie sech ustécht, huet besser en Dokter opzesichen, ma geet et nom Generalist a Generalsekretär vun der AMMD, dem Dr. Sébastien Diederich, géife vill Leit ze séier an eng Urgence lafen:

"Erkältungssymptomer hunn an enger Urgence guer näischt verluer, fir dat Mol kloer ze soen."

Dat selwecht géif fir Leit gëllen, déi ufänken, sech z'iwwerginn. Onangeneem, ma trotzdeem kee Grond fir an eng Urgence. Geet et ëm de Besuch beim Hausdokter, misst een dat Ganzt allerdéngs méi nuancéiert betruechten, sou den Dr. Diederich:

"Et geet jo net nëmmen drëms, fir d'Krankheet ze heelen, mee et geet jo och drëms, fir de Leit awer eng Erklärung kënnen ze ginn, wat se hunn. Et ass natierlech net optimal, mat enger liichter Erkältung - wann een de klenge Schnapp huet - direkt bei den Dokter ze lafen. Mä op där anerer Säit, wann een domadder kann d'Leit berouegen, datt et näischt Schlëmmeres ass, dann ass et ëmmer gutt."

En Ënnerscheed mécht et natierlech och, wéi uerg d'Krankheet ass. Wie beispillsweis vun engem Dag op den anere 40 Grad Féiwer kréich, dee sollt selbstverständlech en Dokter opsichen an och kucken, datt en net schaffe geet, fir net nach aner Leit unzestiechen. Wéi uerg d'Krankheet sech ufillt, misst dem Betraffenen och dobäi hëllefen, fir selwer ze determinéieren, ob een eng Gripp oder just de Schnapp huet. Eng Gripp géif nämlech däitlech méi brutal, vun enger Sekonn op déi aner kommen, begleet vun dacks héijem Féiwer a Péng. Beim Schnapp gehéiere meeschtens "nëmmen" eng zouen Nues a liicht Féiwer zu de Symptomer.

Vun der Santé gëtt ëmmer nees recommandéiert, sech impfen ze loossen. Och den Dr. Diederich hält dat fir sënnvoll a gëtt dës Recommandatioun virun allem u méi vulnerabel Leit weider:

"Spezifesch eeben all déi klassesch vulnerabel Leit: déi iwwer 65 Joer, déi extreemt Iwwergewiicht hunn, aner Krankheeten hunn, immuno-depriméiert sinn, schwanger Leit, déi sollen awer scho gutt géint d'Gripp geimpft sinn."

Donieft kënne Leit, déi Symptomer hunn, hir Matmënsche mat den üblechen Tuyaue schützen, déi déi meescht nach aus der Zäit vun der COVID-19-Pandemie kenne sollten. Dozou gehéiert ënnert anerem selbstverständlech, sech d'Hänn ze wäschen, se reegelméisseg ze desinfizéieren an och ze versichen, de Kierperkontakt mat anere Leit - besonnesch méi vulnerabelen - ze evitéieren.

Weider Tipps, wéi een eng Ausbreedung vu Grippeviren ënnerbanne kann, fannt Dir um Site vum Gesondheetsministère.