Boulevard Raiffeisen rëm fir Trafic opFoussgänger op der Cloche d'Or ugestouss, am Ganzen zwee Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, gouf op der Cloche d'Or op der Héicht vum Akafszenter eng Persoun ugestouss. De Boulevard Raiffeisen war dowéinst gespaart.
© Domingos Oliveira / RTL

Méi genee ass den Accident op der Kräizung vum Boulevard Raiffeisen mam Boulevard Kockelscheier geschitt. Wéi de CGDIS géint 17 Auer preziséiert, goufe beim Accident am Ganzen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren de Samu-Noutdokter an d’Rettungsdéngschter aus der Stad.

De Boulevard Raiffeisen war bis kuerz no 17 Auer a Richtung A3 gespaart.

Back to Top
CIM LOGO