
Déi Onéierlech schwätzen d’Leit un, a behaapten, wéinst engem Iwwerfall, engem Déifstall oder aus engem anere Grond ouni Suen dozestoen. Si bräichten dréngend Boergeld, fir nees an hir Heemecht ze kommen.
D’Police preziséiert, déi Onéierlech géife meeschtens Englesch schwätzen an hir Affer ëm Boergeld froen - mam Verspriechen, d’Suen zeréckzeiwwerweisen. Dacks gi si mat hirem Affer zesumme bis bei den nächste Bankomat, fir d’Suen opzehiewen.
Si maachen dann, wéi wa si d’Suen nach an der Presenz vum gudde Samariter un hiert Affer zeréckiwwerweise géifen - ma d’Sue kommen net un.
D’Police réit an deene Fäll, ni Boergeld ze ginn, kee mat bei de Bankomat ze huelen, a sech am Zweiwel un d’Police ze riichten. Dës oder änlech Virfäll soll een der Police direkt mellen, dat am beschten ënnert der Noutruffnummer 113.