E Freideg de Moie géint 10 Auer am CHL. Et ass ausnamsweis roueg an den Urgencen. Am Duerchschnëtt huet een hei iwwer 250 Passagë wärend der Garde. Iwwer 10% méi wéi nach virun e puer Joer. Dat féiert zu méi laange Waardezäiten. An zu méi Aggressiounen. Quasi all Dag géife Mataarbechter verbal agresséiert ginn, seet d’Chef-Infirmière vum Service d’Géraldine Lorin. Dat kéint bis zu physeschen Ausschreidunge goen. “Des infirmiers qui prennent des coups, des coups de poing, qui sont bousculés avec de la menace. Des gens qui reviennent, qui disent: ‘On va revenir, on va vous attendre à la sortie du travail‘.”
Well méi Leit an d’Urgencë kommen, klëmmt d’Waardezäit virop fir déi net esou urgent Fäll. Alt mol bis zu 4-5 Stonne muss ee sech gedëllegen, heiansdo souguer méi. “Eis Haaptaarbecht ass et nach ëmmer, schwéier krank Patiente vir ze huelen”, betount den Dr Marc Simon. Och hätten d’Erwaardunge vun de Patiente geännert. Verschiddener kéime mat fixen Iddie vun Tester oder Scanneren, déi misste gemaach ginn. “Et ass sécher en Deel vu Frust dobäi an deenen Aggressiounen, wa gesot gëtt ‘dir braucht dat net’”.
Zuel vun Aggressiounen huet sech tëscht 2019 an 2023 a verschiddene Spideeler méi wéi verduebelt. Am CHL an am Kierchbierger Spidol goufen 2023 185 Fäll vun Aggressioune gemellt. Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar.
“An hei handelt et sech just ëm déi deklaréiert Aggressiounen”, ënnersträicht de Chef vun den Urgencë vum CHL. Aggressiounen, déi ee schonn deels iwwerlaaschte Service och nach wäertvoll Zäit kaschten. “Dat impaktéiert, datt den Infirmier näischt anescht maache kann, datt den Dokter do ass, datt Renforte musse kommen an datt de ganze Service gestéiert ass. Dat ass en enormen Impakt.”
No enger Aggressioun kënne betraffe Mataarbechter psychologesch Ënnerstëtzung kréien. Och gëtt et eng Informatiounscampagne, wéi ee sech aggressive Patiente géintiwwer verhale soll. Deseskaléiere wär awer net ëmmer méiglech, gëtt den Dokter Simon ze bedenken. Vläicht wär och méi Ofschreckung néideg. 24 Stonnen op 24 e Gardien op der Plaz. Iwwer e Platzverweis nodenke fir Leit, déi sech dernieft behuelen.
D’Géraldine Lorin seet, datt Mataarbechter aus den Urgencë froen, fir de Service ze wiesselen oder fir manner ze schaffen, well d’Situatioun ëmmer méi komplizéiert géif ginn. D’Wäertschätzung, einfach just e frëndlecht Laachen no der Behandlung, gëtt vermësst.
Net all Fall ass fir d’Urgence. Och den Hausdokter oder d’Maison médicale sinn eng Ulafplaz. De Message vum Dr Marc Simon: “Kuckt mat Ärem Hausdokter, wann et kleng Problemer sinn. Wann et natierlech grouss, vital Problemer sinn, ass et den 112, deen zoustänneg ass, deen Iech bei eis schéckt. Mat der Ambulanz, wann néideg. A mir kucke gär no Iech.”
An der Kannerklinik rappelléiert een, datt een a follgende Fäll soll séier bei en Dokter an eng Consultatioun goen:
Puppelcher vu manner wéi 3 Méint mat Féiwer
Kleng Patiente mat chronesche Krankheeten oder engem geschwächten Immunsystem, déi Féiwer iwwer 38,5 Grad hunn
Kanner, déi ongewéinlech blatzeg si respektiv en opfällegen Teint hunn
Kleng Patienten, déi Problemer mat der Ootmung hunn oder Péng wéinst schlëmmem Houscht
Kanner, déi näischt iessen oder Zeeche vu Flëssegkeetverloscht (Dehydratioun) weisen
An am Fall vun engem Malaise oder komeschem Behuelen