An der StadCourse-poursuite mat alkoholiséiertem Chauffer

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg kruten zwee Chauffer de Permis ofgeholl, well si ze vill gedronk haten. Ee vun hinnen hat nach probéiert, ze flüchten.
© RTL Archiv

Wéi d’Police an hirem Bulletin schreift, hat eng Patrull kuerz no Mëtternuecht en Auto um Boulevard John F. Kennedy zu Nidderkäerjeng gesinn, dee matten op de Fuerbunn mat de véier Winker stoung - dat allerdéngs ouni Chauffer. Kuerz drop ass den Automobilist opgedaucht. Wéi d’Beamte festgestallt hunn, koum dëse grad aus engem Café. Bei der Kontroll vun de Pabeieren ass de Polizisten opgefall, datt de Chauffer no Alkohol géing richen. Opgrond vun engem positiven Alkoholtest gouf de Fürerschäin agezunn.

Géint 2 Auer hat e Chauffer d’Beamten an der Stad e bësse méi op Trapp gehalen. Wéi eng Patrull duerch d’Rue d’Anvers bis op d’Kräizung mat der Adolphe Fischer wollte fueren, ass hinnen opgefall, wéi en Auto a Richtung Géigeverkéier an d’Rue d’Anvers gebéit ass. Wéi den Automobilist d’Poliziste gesinn huet, ass hie mat quiitschende Pneuen no hanne gefuer an ass mat héijer Vitess a Richtung Rue Michel Rodange geflücht.

Bei der Course-poursuite ass de Chauffer mat héijer Vitess duerch eng 30er Zon gerannt, éier hien an der Rue Michel Rodange gestoppt konnt ginn. Och dësen Automobilist hat ze vill gedronk an huet missen de Permis ofginn.

Back to Top
CIM LOGO