Optakt vum AutofestivalËmmer méi Marken um europäesche Marché

Diana Hoffmann
30 bis 35 Prozent vun den Neiween ginn am Ufank vum Joer kaaft.
Optakt vum Autofestival - Ëmmer méi Marken um europäesche Marché
30 bis 35 Prozent vun den Neiween ginn am Ufank vum Joer kaaft.

Nach bis den 3. Februar ginn um Autofestival an 90 Auto- a Motorradsgaragë besonnesch Konditioune gebueden.

LINK: Klickt hei, fir op de kompletten Dossier vum Autofestival 2025 ze kommenVill Virwëtzeger waren e Samschden um Virmëtteg schonn an den Autosgaragen ënnerwee. Iwwerhaapt wier schonn zanter Wochen hei méi Trafic wéi soss, soen d’Autosverkeefer. D’Leit hätten deels vill Froen. “Se sinn deelweis e bësse perturbéiert, wat se wiele sollen, well de Choix war nach ni esou grouss wéi hautzedaags”, mengt de Bernd Fuhrmann, Responsabele vun enger Autosgarage. Et hätt een awer eng Offer fir all Mënsch. Natierlech och fir Leit, déi kee Moyen hunn, en Auto opzelueden.

Am meeschten Nogefrot ginn awer ëmmer nach elektresch Autoen, déi antëscht bal d’Hallschent vun der Offer ausmaachen. Op laang Dauer géing et hei kee Choix méi ginn. “D’Leit gi forcéiert, ëmmer méi elektresch Autoen ze kafen. A mir fir ze verkafen, well d’Europäesch Kommissioun d’Konstrukteuren obligéiert, verschidden Ofgasnormen ze erfëllen”, seet den Yves Binsfeld, Patron vun enger Autosgarage. Wat nogefrot gëtt, géing dann awer ëmmer nach vun de perséinleche Besoinen a Moyenen ofhänken.

D’Präisser vun den Autoe sinn am allgemengen an d’Luucht gaangen. Eng Hausse, déi och bedéngt wier, duerch déi nei Technologien, betount den Yves Binsfeld. D’Technologien, zum Beispill um Niveau vun den Ofgasnormen an awer och um Niveau vun der Sécherheet, präziséiert hien. Wann een haut en Auto keeft, wier dee vill méi sécher, wéi nach virun zwee bis dräi Joer.

© Diana Hoffmann / RTL

Nei Marken um europäesche Marché

Bei der Offer stelle sech d’Händler ëmmer méi breet op. No japaneschen a südkoreanesche Marken, kommen och lues awer sécher chineesesch Marken op den europäesche Marché. “Mir sinn an engem grousse Wiessel. Dass effektiv déi Marken, déi ëmmer ganz gutt gaange sinn, déi gi villäicht haut e bësse manner gutt, wëll villäicht Produiten net esou séier changéiert sinn”, erkläert de Philippe Mersch, President vun der Federatioun vun den Autoshändler, der Fedamo. Verschidde Marke wieren an deem wiesselhafte Marché, wat d’Motorisatioun ugeet, e bëssi méi zéi.

Grouss Ännerunge vun diverse geopoliteschen Ofhängegkeete géing dat, dem Philippe Mersch no, awer net mat sech bréngen. Et wier jo haut schonn esou, dass eng europäesch Mark och verschidde Modeller kéint a China bauen. An eng chineesesch Mark net just a China produzéieren. De Marché wier souwisou och elo schonn extrem globaliséiert.

Et ass also net z’erwaarden, dass de Choix an den Autossalonen deemnächst wäert méi kleng ginn. Ganz am Géigendeel, et ass fir jiddereen eppes dobäi: vum Hybrid iwwer Bensinner, Diesel bis hin zum Elektroauto.

Andréck vum Autofestival 2025

Back to Top
CIM LOGO