Viru KreeslafkrankheetenTumeure sinn heefegst Doudesursaach zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De Gesondheetsministère an d'Krankekeess hunn e Mëttwoch d'Statistike vun den Doudesursaachen hei am Land publizéiert.
© Gesondheetsministère

Am Dag stierwen an der Moyenne eng Dose Leit am Land. Fir dat ganzt Joer 2023 waren dat ronn 4.260 Stierffäll, woubäi d’Moyenne bei de Männer bei 75 Joer läit a bei de Frae bei 81 Joer.

Tumeure sinn d’Haaptursaach vun de Stierffäll, viru Kreeslaf- an Otemweekrankheeten. Béid Pathologië maachen 52% vun alle Stierffäll aus, wéi de Gesondheetsministère a senge Statistiken notéiert.

Bei de Männer ass déi heefegst Doudesursaach de Longekriibs virun de Fäll vun Prostate- oder Pankreas-Kriibs. Bei de Frae stierwen déi meescht wéinst Broscht- respektiv Longekriibs.

Wat d’Analys vun de Méint ugeet, sou sinn zejoert déi meescht Leit am Januar verscheet - déi mannst am Juli.

94% vun den Doudesfäll waren op natierlech Ursaachen zeréckzeféieren. D’Hallschent vun de Persounen, déi gestuerwe sinn, sinn am Spidol verscheet, e knappen Drëttel an den Altersheemer a 17% bei sech doheem.

© Gesondheetsministère

Link: Déi ganz Statisiken an d’Schreiwes vum Gesondheetsministère an der Krankekeess fannt Dir hei.
RTL-News (19.12.23): Bilan 2022: D’Haapt-Doudesursaach hei am Land waren Häerz- an Zirkulatiounskrankheeten
RTL-News (9.2.23): Virun den Häerzkreeslafkrankheeten: Tumeure sinn déi heefegst Doudesursaach zu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO