Bilan 2022D’Haapt-Doudesursaach hei am Land waren Häerz- an Zirkulatiounskrankheeten

RTL Lëtzebuerg
Just hannendrun op zweeter Plaz kommen Tumeuren. Dat geet aus dem Bilan ervir, deen de Gesondheetsministère matgedeelt huet.

Déi zwou Doudesursaachen eleng maache méi ewéi d’Hallschent vun den Doudesfäll aus. 2022 wieren 1.100 Fraen a Männer wéinst Häerz oder Zirkulatiounskrankheete gestuerwen. Bal esouvill an awer knapp manner Doudesfäll gouf et wéinst Tumeuren.

Op der drëtter Plaz komme Krankheeten vun den Otemweeër oder Longen.

Hei geet et bei de ganze Rapport:

An 94% vun de Fäll stierft ee wéinst enger Krankheet an a 6% vun de Fäll ass et eng “extern” Ursaach.

Am heefegste stierwen d’Leit hei am Land am Spidol (iwwer 50%). All véierten Doud ass am Altersheem an all Fënneften ass doheem.

Back to Top
CIM LOGO