Virun den HäerzkreeslafkrankheetenTumeure sinn déi heefegst Doudesursaach zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
2021 huet d'Direktioun vun der Santé 4.338 Stierffäll zu Lëtzebuerg gezielt. Dat waren der 101 manner ewéi nach 2020.

Wéi et vun der Santé heescht, waren 2021 2.132 Fraen an 2.206 Männer gestuerwen. D’Männer sinn an der Moyenne mat 75, d’Frae mat 81 Joer gestuerwen. Weiderhin goufen 2021 64 Doutgebuerte registréiert, géigeniwwer 66 am Joer virdrun.

Am Schnëtt waren zejoert 12 Persounen den Dag, respektiv 83 d’Woch oder 362 de Mount gestuerwen. D’Zuel vun de Stierffäll variéiert allerdéngs mam Mount. Wärend am Januar 2021 429 Mënsche gestuerwe sinn, waren et der am August 292.

Mat 94,5% war de Gros vun den Doudesfäll op Krankheeten zeréckzeféieren a 5,5% waren duerch extern Ursaache begrënnt. Liicht méi ewéi d’Hallschent vun de Leit waren am Spidol verscheet, ronn e Véierels an engem Altersheem, 19% bei sech doheem an 2% op anere Plazen.

D’Tumeure sinn iwwerdeems déi heefegst Doudesursaach zu Lëtzebuerg. Mat 1.098 ware ronn 25% vun de Stierffäll am Joer 2021 op en Tumeur zeréckzeféieren.

618 Männer waren un engem Tumeur gestuerwen, woubäi dëse mat 135 Fäll am dacksten op Longekriibs zeréckzeféiere war. Duerno kommen de Kriibs vun der Prostate an den Daarmkriibs mat 68, respektiv 52 Fäll.
Bei de Frae goufen et 480 Doudesfäll, déi op en Tumeur zeréckzeféiere waren. Mat 89, waren déi meescht dovun op Broschtkriibs zeréckzeféieren. Iwwerdeems waren déi zweetmeeschte Frae mat 73 u Longekriibs an déi drëttmeeschte mat 35 u Bauchspeicheldrüsekriibs gestuerwen.

Déi zweetheefegst Doudesursaach waren 2021 mat 1.046 Fäll d’kardiovaskulär Erkrankungen. 540 vun de Verstuerwene ware weiblech a 506 männlech.

Zesumme waren d’Kriibs an -d’Häerzkreeslaferkrankungen 2021 fir 49,4% vun de Stierffäll responsabel.

Wéi och schonn 2020 war de Covid-19 2021 déi drëttheefegst Doudesursaach. 233 Männer an 204 Frae waren 2021 wéinst dem Coronavirus verscheet.

Back to Top
CIM LOGO