Mir hunn op der Neijoerschreceptioun vum Lëtzebuerger Standuert nogefrot, wéi et dann hei am Land ausgesäit. Aktuell schaffen 3.450 Leit fir de Lëtzebuerger Standuert.
230.000 Tonnen un Träger ginn zu Nidderkuer am Centre Logistique all Joers eraus fir den europäesche Marché. Dee wier nach relativ stabil, et hänkt een hei vill u Projeten, déi schonn am Virfeld bezuelt goufen. Lëtzebuerg hätt ausserdeem de Virdeel, dass ee sech méi op Nischeprodukter spezialiséiert huet. Esou wier an Europa wuel keen Tram méi, deen net op Schinnen aus dem Rodanger Wierk géif fueren.
Och bekannt ass ee fir esou genannte Palplanchen, aus deenen ee stole Mauere baue kann. Déi ginn zum Beispill benotzt, fir d’Diguen ze verstäerken. An deene Sparten hätt een e Virsprong am Know-How, a well et net vill Konkurrenz géif, kéint een och de Präis froen, deen ee brauch, seet de Country Manager Henri Reding. Ma dat wier eng Fro vun der Zäit.

Eng vun 1.000 Tonne Stol kéim haut nach aus Lëtzebuerg. An den 1960er Jore war et nach eng vun 100. Europawäit ass de Stolsecteur an enger Kris: Déi europäesch Produktioun hätt sech an de leschten 10 Joer hallwéiert. Europa importéiert méi wéi et exportéiert, obwuel d’Wierker net ausgelaascht sinn, esou de Constat aus dem Secteur.
Donieft huet ee mat bëllegen Importer aus China ze kämpfen, déi mat 100 Milliounen Iwwerkapazitéit entweder direkt op den europäesche Marché exportéieren oder aner Stolproduzente verdränge géifen, erkläert den Henri Reding. Dobäi kéime fir d’europäesch Produzenten ëmmer méi deier CO2-Taxen: “Dat packt da keng Industrie méi”, warnt de Country Manager.
Ee weidere Problem sinn déi héich Energiepräisser, déi an Europa 4 bis 5 Mol esou héich wiere wéi soss anzwousch. Ausserdeem géing et u Previsibilitéit feelen, wéi sech d’Präisser an Zukunft entwéckelen.
Fir d’Wierker mat eegenem Stroum kënnen ze versuergen, huet de Logistikzenter iwwer 8.000 Solarzellen um Daach mat enger Spëtzekapacitéit vu 5 Megawatt am Dag. Dat geet duer, fir de Logistikzenter ze versuergen an e gudden Deel an den interne Reseau anzespeisen, erkläert de Chef vum Logistikzenter Fred Weissenburger. Ma fir en elektreschen Héichuewen ze bedreiwen, géif et bei wäitem net duergoen: Dee bräicht pro Dag eng 150 Megawatt.
