Philip-Morris-Lobbyisten op Missioun am LandWéi eng Zukunft fir d'Nikotinsäckelcher zu Lëtzebuerg?

Pierre Jans
An der Belsch si se scho verbueden an a Frankräich wäerte se geschwë verbuede sinn.
Wéi eng Zukunft fir d'Nikotinsäckelcher zu Lëtzebuerg?
D’USA, mä virun allem Schweden promouvéieren dogéint. Lëtzebuerg sicht eng Zort Mëttelwee bei den Nikotinsäckelcher – oder Pouchesen, wéi se och genannt ginn.

Wéi eng Zukunft fir d’Nikotinsäckelcher zu Lëtzebuerg? / Reportage Pierre Jans

D’USA, mä virun allem Schweden promouvéieren dogéint. Lëtzebuerg sicht eng Zort Mëttelwee bei den Nikotinsäckelcher – oder Pouchesen, wéi se och genannt ginn. Se solle ganz strikt reglementéiert ginn, virop fir d’Jugend ze schützen. Esou strikt, dass se eigentlech verbuede sinn, bekloen d’Produzenten.

D’US-amerikanesch Tubak-Firma Philip Morris zum Beispill hofft, d’Regierung bei hirem Projet de loi nach ëmzestëmmen. An dofir schéckt se och Delegéierter heihin op Missioun.

D’Tubak-Entreprise huet eng Delegatioun vu Bréissel inklusiv Lëtzebuerger Beroder geschéckt. Anscheinend net fir Lobbyaarbecht fir alternativ Tubakproduiten ze maachen. Mä fir opzeklären. Interpretatiounssaach. Philip Morris huet sech de Kampf géint d’Zigarette-Fëmmen op de Fändel geschriwwen. De Miguel Matos ass bei Philip Morris Direkter fir Benelux:

“Haut ass d’Wëssenschaft ganz kloer. De Problem mat den Zigarette sinn net den Tubak an den Nikotin.
Mä et ass d’Verbrennen. Wann een eng Zigarett ufänkt, inhaléiert een dausende Chemikalien. Dat kann ee verhënneren, wann näischt brennt. Nikotinsäckelcher sinn e Produit, deen een ënnert d’Lëps placéiert. Dir hutt den Nikotin, mä net dat Verbrannten.”

Weltwäit maachen Tubak respektiv Nikotinproduiten, déi net brennen, 40 Prozent vum Netto-Revenu vum Tubak-Gigant aus: Vapen, gehëtzten Tubak awer eben och Nikotinsäckelcher sollen d’Zukunft sinn, seet de Miguel Matos:

“Leider gëtt et zu Lëtzebuerg elo e Gesetzprojet, deen Nikotinsäckelcher de facto verbitt, well et en Nikotin-Deckel gëtt, deen esou déif ass, dass et fir e Fëmmert quasi kee Sënn mécht ze wiesselen.”

D’Fondation Cancer gesäit dat ganz anescht. De Lex Schaul warnt: “De Problem ass, dass déi Nikotinsacheten e ganz héijen Dosage hunn. Do schwätze mir haut vu bis zu 20 Milligramm pro Säckelchen. Eng Zigarett huet ëm 1 Milligramm. A Jugendlecher reagéiere sensibel op Nikotin. Si riskéieren eng Vergëftung. Et kann hinne schlecht ginn zum Beispill.”

En plus gi se séier süchteg no de klenge Sachete mat de lackelege Goûte vu Menthe bis Eukalyptus. Voll am Trend si se allerdéngs. Philip Morris léisst de Reproche awer net gëllen, si géife geziilt Jugendlecher viséieren. De Géigendeel wär de Fall.

“Et kann een d’Goûte reduzéieren, fir et fir Mineuren net attraktiv ze maachen. Et kann een d’Verpackung sou maachen, dass ganz Jonker se guer net opkréien. Mir kënnen och mat de Verkeefer zesummeschaffen.”

Reegelen, Taxen. Dogéint hätt een näischt. Mä e Verbuet géif de Schwaarz-Maart stäerken, behaapt op d’mannst de Produzent. D’Direktesch vun der Fondation Cancer Margot Heirendt léisst dat Argument net gëllen. D’gesondheetlech Risike fir d’Populatioun géifen iwwerweien.

Mä de Philip-Morris-Manager an d’Presidentin vun der Fondatioun wëssen: Op déi bis zu 2 Milliarden Euro u Steierrecetten um Tubak – nach ëmmer am meeschten déi klassesch Zigaretten – kann d’Regierung wuel nëmme schwéier verzichten.

Back to Top
CIM LOGO