Zeienopruff no Déifstall an der StadAffer ëmäermelt, ëm eng op de Bak ginn an dunn den Handy geklaut

RTL Lëtzebuerg
No engem Handy-Déifstall an der Stater Rue de la Poste den 10. Januar, huet d'Police elo en Zeienopruff lancéiert.

Géint 19.20 Auer soll hei en alkoholiséierte Mann eng aner Persoun ugeschwat hunn, ier en du versicht huet dës z’ëmäermelen. Wéi d’Affer sech dogéint gewiert huet, huet de Mann hir eng op de Bak ginn, den Handy geklaut an ass geflücht.

D’Police beschreift de presuméierten Täter als tëschent 30 a 40 Joer al a wäiss mat liicht brongelzegem Teint. Hie war zum Zäitpunkt vun der Dot komplett gro ugedoen an hat och e groe Baart.

Wien Informatiounen iwwert de gesichte Mann huet, ass gebieden, sech um Mierscher Policebüro ze mellen, dat per Telefon op der Nummer (+352) 244 90 1000 oder per Mail u police.mersch@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO