Den Energiepräisdeckel ass Ugangs des Joers ëm d’Hallschent zeréckgefuer ginn. Och bei den ëffentleche Borne fir Elektroautoen ass de staatleche Subsid ewechgefall.
Grad d’Pionéier vun der Energietransitioun, also déi, déi op en Elektroauto ëmgeklomme sinn oder eng Wärmepompel installéiert hunn, géingen doduerch bestrooft ginn a missten elo méi déif an d’Täsch gräifen, bedauert d’Oppositiounspartei.
D’CSV-DP Regierung hätt zum falsche Moment eng falsch Decisioun geholl. Si misst weider fir attraktiv Stroumpräisser suergen an d’Energietransitioun mat den néidegen Ureizer virundreiwen, esou den Appell vun déi gréng.