ADR misst néideg Sanktioune géint Tom Weidig decidéieren
Dat gëtt et dann awer net esou dacks, dass sechs Parteien zesummen e Bréif un d'Parteipresidentin vun enger anerer Partei maachen.
Wéinst der Affär Weidig a sengem vill kritiséierten "Like", erreecht d'Alexandra Schoos e Samschdeg esou e Schreiwes.
D'Parteien DP, CSV, LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk an d'Pirate maachen den Appell un d'Parteipresidentin, fir déi néideg Sanktioune géint den Deputéierten Tom Weidig ze decidéieren.
Den Zäitpunkt vum Schreiwes ass och net aleatoire. Den ADR Nationalcomité decidéiert e Méindeg iwwer eng méiglech Disziplinarprozedur géint den Tom Weidig.
Fir déi aner Parteien ass et kloer: wann d'ADR e Gewielten a senge Funktioune léisst, deen d'Vernichtung vun enger Communautéit guttheescht, da géif d'Partei deen Discours och legitiméieren.
D'ADR an hir Presidentin Schoos, déi jo géife virginn, déi demokratesch Wäerter héichzehalen, missten deemno elo hir Responsabilitéiten huelen a Faarf bekennen. Dat soen d'Responsabel vun de sechs Parteien.
D'Chamber hat en Dënschdeg geschlossen en Zeeche géint eng Aktioun vum ADR-Deputéierten Tom Weidig gesat. / © RTL