Wann ee keng Majoratioun vun der Strof op 75 Euro riskéiere wëll, soll een dës esou séier wéi méiglech bezuelen, esou d'Fuerderung vun der Arnaque.

Verschidde Leit hei am Land kruten am Laf vum Dag eng SMS vun enger Lëtzebuerger Nummer. An der SMS gëtt behaapt, datt se vu Guichet LU (net Guichet.lu) kënnt an datt een esou séier wéi méiglech de Pretekoll misst bezuelen, soss géif dës Strof op 75 Euro klammen.

Dobäi ass dann e Link, op deen e klicke soll, fir d'Strof kënnen ze bezuelen. De Link (lu-public.com) féiert awer op eng gefälschte Säit an net op déi richteg Lëtzebuerger Säit vu guichet.public.lu. Mat dëser Säit probéieren déi onéierlech un d'Date vun de Leit ze kommen. Et gëllt also op kee Fall drop ze klicken, mä d'SMS am beschten ze läschen an d'Nummer ze spären.