D'Aarbechtskonditiounen an d'Wuelbefanne vun de Salariéë si méi schlecht ginn
An der Chambre des Salariés gouf e Mëttwoch déi nei Editioun vum Quality of Work Index 2024 publizéiert.
D'Aarbechtskonditiounen an d'Wuelbefanne vun de Salariéen am Privatsecteur si méi schlecht ginn. Dat geet aus enger representativer Enquête ervir, déi zanter 10 Joer vun der Chambre des Salariés an der Uni.lu gemaach gëtt.
D'Tendenzen, déi aus dem Index iwwer d'Qualitéit op der Aarbecht ervirginn, si beonrouegend. Iwwer d'Hallschent vun de Salariéë leide psychesch op der Aarbecht, virun allem Jonker. Besonnesch schlecht fille sech Salariéeën, déi atypesch Aarbechtszäiten hunn, dacks an der Industrie, dem Bau, awer och der Horeca an dem Commerce.
Schlecht sinn d'Wäerter och, wat d'Kooperatioun tëscht Aarbechtskolleegen, d'Autonomie op der Aarbecht an d'Weiderbildung ugeet. Do gëtt et eng kloer Chute no ënnen. D'Risike fir d'Gesondheet op der Aarbecht sinn zejoert dogéint ganz staark geklommen. Ze denken, gëtt och, dass der Ëmfro no 49 Prozent vun de Salariéeën zu Lëtzebuerg, Residenten a Frontaliere vill bis ganz vill Alkohol konsuméieren. De Facteur Preventioun kéim vill ze kuerz, heescht et an de Konklusioune vun der neister Editioun vum Quality of Work Index, déi e Mëttwoch de Moien an de Lokalitéite vun der Chambre des Salariés presentéiert gouf.



