An der StadPolice mellt Festnam vun zwee presuméierten Drogendealer a vu presuméiertem Déif

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg ass et an der Stad zu dräi Festname komm.
© RTL

Am Garer Quartier hu Beamte vun der Police e méiglechen Drogendeal beobacht. Si hunn déi zwou bedeelegt Persounen doropshi kontrolléiert an hunn Droge bei hinne fonnt. Bei der weiderer Kontroll goufen dann och nach Handyen, Suen, e Klappmesser a Pefferspray séchergestallt.

Déi zwee Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen um Samschdegmoie virun den Untersuchungsriichter. Déi séchergestallten Objeten an Droge goufe saiséiert. Et gouf eng Plainte wéinst illegalem Waffebesëtz gemaach.

Iwwerdeems huet d’Sécherheetspersonal vun engem Stater Buttek e Freideg e Mann beim Klauen erwëscht. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Samschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO