"Wa mir erëm intensiv riets wielen, da sinn d'Fraerechter fort"

© RTL
Frae wieren nach ëmmer net do, wou se sollte sinn. "Al wäiss Männer" géife weiderhin d'Weltbild bestëmmen, fënnt d'Danielle Igniti.
Wéi ee Sënn mécht iwwerhaapt e Weltfraendag 2025? Dat war eng vun de Froen un d’Danielle Igniti, déi sech joerzéngtelaang vun den 68er Joren u ganz aktiv fir de Feminismus hei am Land agesat huet. Den 8. Mäerz wier nach ëmmer mat vill Hoffnunge verbonnen, ma och mat der Fro, wat dat soll: Een eenzegen Dag vun 365. Et géing zwar erlaben, sech op bestëmmte Saachen ze konzentréieren, mee ganz vill, mengt si, géing esou ee Weltfraendag net bréngen.
Muss dann iwwerhaapt nach gekämpft ginn? Hunn d’Fraen an onser Gesellschaft net alles erreecht, si si net scho gläichberechtegt?
"Mir hunn nach laang net alles. Mir hätte gär méi. Mä dat huet och ofgeholl. Ech mengen, den Esprit vun der Revendicatioun, deen ass net méi sou staark. Well et ass villes geschitt, wat vill gehollef huet, a wou da ganz vill Frae soen, 'Bon, lo si mer ukomm. Et ass okay. Net nëmmen d'Politik, mee jiddwereen."
"Mir sinn aus den 68er komm, mir hate ganz schnell d'Fauscht an der Luucht. Haut ass alles e bësse méi ofgeschwächt." Dat wier net just bei de Fraerechter esou, mee och beim Klimawandel.
"Wann s de bedenks, datt mer an enger Katastroph sinn, an datt keen do all Dag op der Strooss steet, dat kann een sech jo nëmme wonneren. Also ech mengen, datt deen Esprit vun der Revolt a vun der Resistenz ewell e bësse gebrach ass, warscheinlech duerch de Konsum a warscheinlech och duerch esou eng Aart Resignatioun."
"Et gëtt keng Droits Acquis"
Vill Frae profitéiere jo awer haut vun deem, wat d’Generatioune virun hinnen duerchgesat an erkämpft hunn. Jonk Frae si mat Rechter opgewuess, wéi wann déi selbstverständlech wieren. Si se dat dann och oder gëtt et keen Droit Acquis, wat d’Fraerechter betrëfft?
D'Danielle Igniti, laangjäreg Presidentin vum Planning Familial, seet dozou: "Ech mengen net. Mir hunn dat och deemools ëmmer gesot: oppassen, et ass keen Acquis do, et muss een andauernd iergendwéi oppassen, datt engem näischt ewechgeholl gëtt. Et muss ee virsiichteg sinn, et muss een net ophale mat revendiquéieren."
Wann een elo als Gesellschaft nees domat géif ufänken, riets ze wielen - "wat mer jo awer relativ intensiv maachen", esou d'Danielle Igniti - da wieren d'Fraerechter fort.
"Et kämpft ee fir all Fraen, egal wou se (politesch) stinn"
Grad bei deene jonke Wieler gouf et zum Beispill lo an Däitschland vill méi Männer wéi Fraen, déi extrem riets gewielt hunn. Jonk Fraen hunn éischter ganz lénks gewielt. Grad bei de riets a riets-extreme Parteie fënnt een awer an Europa Fraen un der Spëtzt, wéi eng Georgia Meloni an Italien als Regierungscheffin, eng Marine Le Pen vum RN a Frankräich, oder och eng Alice Weidel vun der AfD an Däitschland.
"Déi Fraen, déi mir gehollef hunn 'en Place' ze setzen, mir d'Feministinnen, déi sinn elo am Fong géint eis", fënnt d'Danielle Igniti. Ma si preziséiert och: "Et kämpft ee jo net nëmme fir déi Leit, déi engem gefalen. Et kämpft ee fir jiddwereen. An et kämpft ee fir d'Fraen, egal wou si stinn politesch."
Trotzdeem géif si et "äusserst schlëmm" fannen, wa Fraen, déi duerch d'Beweegung méi Rechter kruten, anere Leit déi Rechter net géinge geneemegen. "Et ass jo eng Kontradiktioun, permanent. Wéi kënnen déi liewen? Wéi kënnen déi fonctionéieren?"
Et géif een am Moment weltwäit eng Zort Backlash géint de Feminismus erliewen. "Mir si menger Meenung no souguer an enger Katastroph", esou d'Danielle Igniti. Et wier een elo an enger Situatioun, wou et nees salonsfäeg géif ginn, den Hitlergruß ze weisen, antisemittesch ze sinn, oder och transsexuelle Mënsche Béises ze wënschen. "Dat kann ee sech jo bal net virstellen. Also viru Joren hätt ee gesot 'Dat kann net sinn, dat geet net'. An dat geet awer lo."
Vum US-President Donald Trump, dee vu Frae sot “Grab them by the pussy” a sech als staarke Mann inzenéiert, kënnt och een neie Männlechkeetskult aus den USA. Deen ass ganz present ass an de soziale Medien a mécht sech och an Europa ëmmer méi breet.
"Déi Maskulinste sinn am Fong aarme Sai"
Ass dee Männlechkeetskult och eng Géigereaktioun zum Feminismus? Dat kéint zwar sinn, mee am Fong wieren d’Fraen nach guer net do ukomm, wou se missten, fir de Männer Angscht ze maachen, fënnt d'Danielle Igniti.
"Si gesinn do vläicht eppes kommen, wat hinnen eppes ewechhëlt, oder si fäerten, et géif hinnen eppes ewechgeholl ginn. Mä et ass awer en Zeeche vun Aarmut an och en Zeeche vun net ganz staark sinn. Et ass dat, wat sech widdersprécht. Déi Maskulinste sinn am Fong aarme Sai."
Et wier een nach net esou wäit komm, wéi een u sech sollt sinn, seet d'Danielle Igniti. Et géif een och haut d'Welt "nach ëmmer duerch de Brëll vun ale wäisse Männer" gesinn.
Nodeems an den USA den Avortement op ville Plaze quasi onméiglech gemaach ginn ass, besteet elo konkret de Risk, dass och hei zu Lëtzebuerg d'Recht op Avortement a Fro gestallt gëtt ? Et hätt kee reagéiert, wéi d’Gesondheetsministesch refuséiert, huet den Delai vun 12 op 14 Wochen eropzesetzen, beklot déi fréier Presidentin vum Planning Familial.
Et sollt ee sech dovunner awer net decouragéiere loossen: "Et kann een net do sëtzen a waarden, datt et geschitt. Et muss een déi Leit konfrontéiere mat hiren Decisiounen an et muss ee provozéiere. Et ass nëmmen esou gaangen, datt en den Avortementsgesetz komm ass an et geet och nëmmen esou weider."

© RTL