Et gëtt keng Plaz an der Arméi, déi fir e Mann reservéiert ass
Dat sot de Chef d'Etat-Major bei der Presentatioun vum 2. nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der Uno-Resolutioun 1325.
Et gëtt keng Plaz an der Arméi, déi fir e Mann reservéiert ass, esou de Chef d'Etat-Major, de Generol Steve Thull.
"D'Arméi bitt vill Méiglechkeeten. Mir hu praktesch all Job, deen een dobausse ka fannen. An all Job, deen ee bei eis ka briguéieren, deen ass op fir Fra a fir Mann."
De Moment maachen d'Fraen eng zéng Prozent vum Effectif vun der Arméi aus. An der Zäit waren et der liicht méi, esou de Generol. Mee zanter dem Ugrëffskrich vu Russland op d'Ukrain melle sech manner Fraen als Zaldotinnen; de Krich réckelt méi no.
"Wa Frae sech mellen, da musse se och an egal wéi een Asaz hannendru kënne goen. An dofir si jo alleguer d'Tester sou, datt se hannendrun déi Kapazitéiten hunn, fir deem, wat gefrot gëtt, gerecht ze ginn"
Am Kloertext: D'Frae mussen genee esou e schwéiere Rucksak schleefen, wéi d'Männer. Am Command Group, dem ieweschten Decisiounsgremium vun der Lëtzebuerger Arméi ass nach keng Fra. Eng Fro vun der Zäit, keng vum Prinzip, esou de Steve Thull. Well Lëtzebuerg d'Arméi eréischt spéit fir Fraen opgemaach hätt, wier einfach nach keng Fra laang genuch do, fir op deen Niveau promovéiert ze ginn.
Wéi fënnt een elo méi Fraen? D'Verdeedegungsministerin Yuriko Backes seet, "andeems datt mer an der Kommunikatioun net nëmme permanent Männer weisen, op de Visuellen, mee datt do och Frae sinn. Datt mer weisen, datt d'Fraen hir Plaz an der Arméi hunn. Et gëtt entretemps e Fraecomité an der Arméi, deen op d'Demandë vun de Fraen ageet. Fraekierper sinn eben anescht wéi Männerkierper, dat heescht, mir brauchen zum Beispill och Fraenuniformen."
Lëtzebuerg gëtt sech am Géigendeel zu anere Länner kee chiffréierten Objektiv, fir méi Fraen ze rekrutéieren. Ma aner Aspekter vum Plang, zum Beispill d'Sensibiliséierung, fir den Ëmgang mat Fraen an oder aus Konfliktzonen, wou Vergewaltegungen als Krichswaff agesat goufen, déi riichte sech souwisou och un d'Männer.