D'Woch op RTLMassekarambolage op der A31 a Kläpperei op Jugend-Futtballmatch

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL Grafik

Massekarambolage op der A31

En Dënschdeg ass et op der franséischer A31 a Richtung Lëtzebuerg zu enger Massekarambolage komm. Bei Talange ass ee Chauffer engem aneren hannendrop gerannt, wat wuel zu enger Kettereaktioun gefouert huet. Um Enn waren op d’mannst 12 Gefierer aneneegerannt. Well dat Ganzt matzen am Beruffstrafic passéiert ass, koum et deementspriechend zu engem gréissere Stau.

Detailer zu Tëschefall, bei deem e Kand ugestouss gouf

Schonn d’leschten Donneschdeg ass e Kand um Boulevard Royal an der Stad vun engem Policeauto ugestouss ginn. Wéi de Parquet dëse Mëttwoch matgedeelt huet, wier deen 12 Joer ale Jong bei Rout iwwer en Zebrasträife gaangen. De Chauffer vum Policeauto wier iwwerdeems an engem justifiéierten Asaz gewiescht a wéi et schéngt, hätt dëse kee Feeler mam Bléck op de Code de la Route gemaach.

Papp aggresséiert Spiller op Jugend-Futtballmatch

D’leschte Samschdeg ass dann e Papp vun engem Spiller op engem U13-Futtballmatch duerch aggressiivt Verhalen opgefall. D’Police krut hei eng Kläpperei tëschent méi Persoune gemellt. Op der Plaz kruten d’Beamte gesot, dass wuel e Spiller gerippt gouf an dunn de Papp op den Terrain gelaf wier, an deen anere Spiller aggresséiert hätt. D’Eltere vum Betraffene kruten e Rendez-vous bei der Police, fir Plainte ze deposéieren. Och aner Aenzeie mussen nach aussoen, fir e komplett Bild ze kréien.

Déidlecht Feier zu Mamer

En Dënschdegowend ass et zu engem Feier an enger Residence zu Mamer komm. Wéi et e Mëttwoch de Moie vun der Police geheescht huet, gouf eng Persoun dout aus dem Gebai gebuergen. De Parquet gouf informéiert an eng Autopsie ugefrot. D’Police technique war op der Plaz an eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.

D'Woch op RTL vum 21. Mäerz
Massekarambolage op der A31 an aggressiivt Verhale bei U13-Futtballmatch.

Auto iwwerschléit sech op der A7

E Mëttwoch hat e Chauffer kuerz no 14 Auer op der A7 an Direktioun Stad d’Kontroll iwwert säin Auto verluer. Wéi de Mann d’Sortie Mierscherbierg wollt huelen, ass hie mat sengem Won de Rampli eropgefuer an huet sech doropshi mat dësem iwwerschloen. Den Auto ass schliisslech no un der Opfaart fir op d’A7 leie bliwwen. De Mann konnt nom Accident aus eegener Kraaft aus dem Auto klammen a koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

Sängerin vu Band Rosenstolz AnNa R. onerwaart gestuerwen

D’Sängerin vun der däitscher Band Rosenstolz ass onerwaart gestuerwen. “D’AnNa R. ass dout. Dat stënterlech an onerwaart Liewensenn vun eiser Frëndin a “Kinig:in” schockéiert an irritéiert eis zudéifst”, war dës Woch um verifizéierten Account vun der AnNa R. ze liesen. Weider steet am Post, datt si nach vill Pläng fir hir Musek gehat hätt, wéi si am Alter vu 55 Joer zu Berlin gestuerwen ass. Wéini si genau gestuerwen ass, ass aus dem Post net erauszeliesen.

Zu Lëtzebuerg infizéiere sech ëmmer méi Leit mat Syphilis

Eleng 2023 goufen hei am Land 606 Syphilis-Patiente gezielt, wat bal en Drëttel méi ass, wéi d’Joer virdrun.
Mat knapp 25 Fäll op 100.000 Awunner huet Lëtzebuerg dem Europäeschen Zentrum fir Preventioun a Lutte géint Krankheeten (ECDC) no deen héchste Ratio vu Syphilis an 30 ënnersichte Länner. Dës Zuelen nennt d’Gesondheetsministesch Martine Deprez an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement vun der Piratepartei. Well hei am Land - genee wéi an Europa - d’Fäll vu Syphilis iwwert déi lescht Joren zolidd geklomme sinn, lancéiert de Santésministère eng Präventiouns-Campagne, fir iwwert sexuell iwwerdrobar Krankheeten opzeklären.

Émilie Dequenne am Alter vun 43 Joer gestuerwen

E Sonndeg den Owend koum d’Nouvelle, dass déi belsch Actrice Émilie Dequenne mat 43 Joer u Kriibs gestuerwen ass. Bekannt gi war si 1999 duerch de Film “Rosetta”. Deemools war si eréischt 17 Joer al, wousst de grousse Public awer direkt mat hirem Talent ze begeeschteren. Och an der Lëtzebuerger Filmwelt war d’Émilie Dequenne keng Onbekannt. Ënner anerem war si bei de Lëtzebuerger Koproduktioune “Perdre la Raison” a “Möbius” involvéiert, co-produzéiert vu Samsa Film, a rezent war si nach am Film “Complètement Cramé” vum Gilles Legardinier ze gesinn, co-roduzéiert vu Bidibul Productions.

Rentenalter bei 65 Joer loossen, mee effektive Rentenalter eropkréien

E Mëttwoch war an der Chamber eng Consultatiounsdebatt iwwer déi laangfristeg Finanzéierung vum Pensiounssystem.
Un de legale Rentenalter vu 65 Joer wëlle weder d’CSV an d’DP, nach d’LSAP an déi Gréng goen. Par contre misst deene meeschte Parteien no de reellen Untrëttsalter, deen aktuell an der Moyenne bei knapp iwwer 60 Joer läit, eropgoen. Dat ass eng vun den Haaptpisten, déi aus der Pensiounsdebatt an der Chamber erauszehéiere war. Iwwerdeems d’Oppositiounsparteien eng Erhéijung vun der Mindestrent gefuerdert hunn, hunn d’CSV an d’DP sech dogéint ausgeschwat.

Wéinst Opruff zum Haass: Fréieren ADR-Member viru Geriicht

12 Méint Prisong mat integralem Sursis probatoire an eng Amende. Dat ass d‘Strof, déi dem fréieren ADR-Member Alain Hoffmann wéinst Opruff zum Haass am Internet blitt. De Beschëllegten hat am September 2024 op Facebook ënnert engem Artikel vun RTL ënner anerem sënngeméiss kommentéiert, och Lénker sollte mol erstach ginn. Dem Beschëllegte seng Affekotin freet de Fräisproch oder eng vill méi niddreg Strof. Hire Client hätt nämlech ni gewollt, dass wierklech enger Persoun eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO