Am Alter vu 55 Joer
Sängerin vu Band Rosenstolz AnNa R. onerwaart gestuerwen

D'Andrea Neuenhofen ass dout. Dat ass op hirem offiziellen Instagram-Account ze liesen.
"D'AnNa R. ass dout. Dat stënterlech an onerwaart Liewensenn vun eiser Frëndin a "Kinig:in" schockéiert an irritéiert eis zudéift", ass um verifizéierten Account vun der AnNa R. ze liesen. Weider steet am Post, datt si nach vill Pläng fir hir Musek gehat hätt, wéi si am Alter vu 55 Joer zu Berlin gestuerwen ass.
Wéini si genau gestuerwen ass, ass aus dem Post net erauszeliesen. Nieft Rosenstolz war d'Andrea Neuenhofen och fir d'Bands Gleis 8 a Silly aktiv. 2023 hat d'AnNa R. nach en eegenen Album mam Titel "König:in" erausbruecht an war eng éischte Kéier als Solokënschtler op Tournée.
Am meeschte gelies