Fréieren ADR-Member viru Geriicht
© Claudia Kollwelter (Archiv)
De Beschëllegten hat am September 2024 op Facebook ënnert engem Artikel vun RTL ënner anerem sënngeméiss kommentéiert, och Lénker sollte mol erstach ginn.
12 Méint Prisong mat integralem Sursis probatoire an eng Amende. Dat ass d‘Strof déi dem fréieren ADR-Member Alain Hoffmann wéinst Opruff zum Haass am Internet blitt. Dem Beschëllegte seng Affekotin freet de Fräisproch oder eng vill méi niddreg Strof. Hire Client hätt nämlech ni gewollt, dass wierklech enger Persoun eppes geschitt.
Um Owend vum 3. September zejoert huet den Alain Hoffmann, deen 2023 fir d‘Diddelenger ADR mat an d‘Gemengewale gaange war, ënnert en RTL-Artikel op Facebook geschriwwen, dass och mol Lénker sollten erstach ginn. Riets ass och vun „Nullekackerten“ an enger „drecks Band“, mat deem Begrëff de Beschëllegten dem Parquet no ouni Zweiwel alleguer d‘Migrante viséiert gehat hätt.
An dësen Zäiten, an där d‘Gesellschaft scho gespléckt wär, d‘Emotioune séier héich kache kéinten, an et och reegelméisseg Affer vun Haass gëtt, wären esou Aussoen net z‘akzeptéieren, huet de Parquet betount. Well den Alain Hoffmann sech bis ewell näischt zu Schold komme gelooss hätt, kéint hien d‘Prisongsstrof mat integralem Sursis kréien, soulaang hie bei der Plattform respect.lu eng Zort Therapie géif maachen. Eng Prisongsstrof ass an den Ae vu senger Affekotin Me Gantrel iwwerdriwwen.
"Den Här Hoffmann huet vun Ufank u gesot, dass seng Aart a Weis sech auszedrécken net appropriéiert a schlëmm war. Ech hunn awer plädéiert, dass et ni an der Volontéit vum Här Hoffmann war, dass Leit déi politesch éischter lénk denken, eppes soll geschéien oder zu Doud kommen. Dee But war ni recherchéiert. Et war eng Ausso déi vum Här Hoffmann gemaach ginn ass op Grond vu villen Aspekter hin. Dozou gehéiert e perséinlechen Trauma. Hien huet am Effekt eppes geschriwwen ouni richteg z'iwwerleeën."
Den haut 59 Joer alen Alain Hoffmann wär deemools aus der Këscht gespronge gewiescht, sot hie virun der Riichterin, wéi hien op Facebook e Kommentar vun der Spriecherin vun déi Lénk Carole Thoma gelies hat, mat deem hien iwwerhaapt net averstane war. Hie kéint och haut nach net verstoen, wa Flüchtlingen déi kriminell gi sinn, net géifen zeréck an hiert Heemechtsland geschéckt ginn. Generell eppes géint Migranten hätt hien awer net.
Eng Behaaptung, déi de Parquet him net ofkeeft. Ënner anerem well hien op Facebook kloer geschriwwen hat - Zitat - : „Alles Heem Punkt.“ An d‘Ausso, och Leit vun der Gauche sollte mol erstach ginn, wär kloer Opruff vum Haass. De Parquet ass och der Meenung, dass de Beschëllegten "net verstanen huet". Sollt d‘Geriicht eng Strof fir den Alain Hoffmann decidéieren, misst se vill méi niddreg sinn, ewéi 12 Méint Prisong, seet d‘Me Gantrel.