E Sonndeg den Owend koum d'Nouvelle, dass déi belsch Actrice am Alter vun nëmmen 43 Joer gestuerwen ass.

D'Émilie Dequenne hat Kriibs, dat hat d'Actrice schonn am Oktober 2023 matgedeelt. De Kampf géint d'Krankheet huet si leider verluer.

Bekannt gi war si 1999 duerch de Film "Rosetta". Deemools war si eréischt 17 Joer al, wousst de grousse Public awer direkt mat hirem Talent ze begeeschteren.

Vill Leit hunn hiert Matleed ausgedréckt, dorënner och déi franséisch Kulturministesch Rachida Dati, déi betount, dass de franséischsproochege Kino eng talentéiert Actrice verluer hätt, déi nach vill ze bidde gehat hätt.

Och an der Lëtzebuerger Filmwelt war d'Émilie Dequenne keng Onbekannt. ënner anerem war si bei de Lëtzebuerger Koproduktioune "Perdre la Raison" a "Möbius" involvéiert, koproduzéeirt vu Samsa Film, a rezent nach am Film "Complètement Cramé" vum Gilles Legardinier ze gesinn, koproduzéiert vu Bidibul Productions.