
En Automobilist hat d’Kontroll iwwer säi Won verluer, wéi hie vun der Autobunn d’Sortie Mierscherbierg huele wollt. Hien ass op dëser Plaz de Rampli eropgaangen an dono huet sech säin Auto iwwerschloen. D’Gefier ass no un der Opfaart fir op d’A7 leie bliwwen.
D’Opfaart, fir vum Mierscherbierg aus op d’Autobunn ze fueren, huet dann och misste fir d’Zäit vun de Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart ginn. Wéi et vun der Plaz heescht, wier de Chauffer eegestänneg aus sengem Auto geklommen. Hie koum fir eng Kontroll an d’Spidol.
