
Am Ganze ware 15 Beamten an een Drogesichhond am Asaz. Am Fokus waren deemno Drogen.
Zwee Mol konnten d’Beamte beobachten, wéi Drogen echangéiert goufen. Op Uerder vum Parquet goufe béid presuméiert Drogendealer festgeholl. Si koume schonn den nächste Moie virun den Untersuchungsriichter. Donieft kruten nach dräi Persounen e Protokoll wéinst illegalem Drogebesëtz an dem Verstouss géint d’Waffegesetz.