
Hei geet et bei d’Nott vum Statec
Wirtschaftlech wieren déi zousätzlech Douanesfraisen aktuell déi gréisste Suerg. Dat erkläerten Zil vun dësen Douanesfraisen ass et, de kommerziellen Defizit vun den USA ofzebauen, déi eege Wirtschaft virun deloyaler Konkurrenz ze schützen an Entreprisen dozou ze kréien, méi an den USA ze produzéieren.
Esou protektionistesch Mesurë géifen awer meeschtens entspriechend Géigemesurë matsechbréngen, esou de Statec. Verschidde Simulatiounen an Impaktetüde géife weisen, datt dës Zort vu Mesuren an der Reegel negativ Auswierkungen op de weltwäite Commerce an déi wirtschaftlech Aktivitéit hunn an d’Inflatioun an d’Luucht dreiwen.
D’Finanzmäert sinn zanter Februar zeréckgaangen. Donieft hätt dës Politik och schonn Auswierkungen op déi amerikanesch Konsumenten an den Dollar ass an de leschte Woche massiv gefall par Rapport zum Euro.