Fir d'Rentrée 2025-2026Nei Sektiounen an de Lycéeën

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Rentrée 2025/2026 kommen e puer nei Sektiounen am Lycée dobäi.
© JC MILHET Hans Lucas via AFP

Dorënner d’Sektioun “Production musicale”, déi Jonker soll a Beräicher wéi Tountechnik oder Musekstheorie forméieren, hinnen de Kultursecteur méi no bréngen, genee wéi déi néideg Kenntnisser an der Mathematik an an der Physik mat op de Wee ginn. D’Sektioun “Affaires économiques” leet de Fokus op d’Entrepreneuriat an d’Kreatioun vu Betriber. Datespezialiste sollen dann op der Sektioun “Data Literacy” forméiert ginn. Hei sollen déi Jonk léieren, Donnéeën ze sammelen, ze liesen, ze verstoen, z’analyséieren an z’interpretéieren. Gläichzäiteg solle si verstoen, wéi Donnéeë genotzt ginn, wéi fiabel se sinn a wat d’Risike sinn, fir se ze benotzen.

An der Erwuessenebildung gëtt et vum nächste Schouljoer un eng Filière op Franséisch fir Educateur oder Educatrice ze ginn. An d’Hotelsschoul kritt e Site am Süde vum Land, méi konkret zu Wickreng. Hei kann een dann ënnert anerem en DAP als Restorateur maachen.

Dat komplett Schreiwes fënnt een hei.

Back to Top
CIM LOGO