Fall vun haislecher GewaltTrotz Hausverbuet a Wunneng gaangen, RDV beim Untersuchungsriichter
An der Nuecht op Freideg ass um Kierchbierg e Mann festgeholl ginn, deen zeréck an d’Wunneng gaangen ass, fir déi hien eigentlech Hausverbuet hat.
Hei wunnt nämlech d’Affer vun haislecher Gewalt, déi dem Mann reprochéiert gëtt. De Parquet gouf informéiert. De Mann gouf am Laf vum Freideg dem Untersuchungsriichter presentéiert.