Mannerjärege war zu Jonglënster op e Sendemast geklommen
E Samschdeg am fréien Owend hunn Awunner vu Jonglënster gesinn, wéi eng Persoun op eng vun den dräi Antenne geklomme ass.
RTL krut d'Informatioun, datt eng Persoun sech géing op der Antenn beweegen, déi am nooste beim Duerfkär steet. E bësse méi spéit hätt ee se du ganz uewen am Kuef an der ieweschter Spëtzt vum Mast gesinn. Wéi d'Police um spéide Sonndegmoien an hirem Bulletin confirméiert, hate si gemellt kritt, datt en Awunner duerch eng Spektiv eng Persoun op der Spëtzt gesinn hat.
D'Police an de CGDIS koumen am Laf vum Owend op d'Plaz an hu mat Dronen no der Persoun gesicht. D'Maste goufe wärend dem Asaz aus der Loft beliicht. Mat enger Dron hätten d'Polizisten, wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, effektiv eng Persoun um Mast kënne lokaliséieren.
Géint Hallefnuecht sinn eisen Informatiounen no dräi Leit op de Mast geklommen, fir d'Persoun erofzehuelen. D'Police confirméiert, datt e Mannerjärege vun der Klammekipp vum CGDIS erof begleet gouf. De Mannerjärege koum fir weider Ermëttlunge mat op de Policebüro, wou seng Mamm hien ofgeholl huet. Och de Parquet gouf iwwer de Virfall informéiert.
Kuerz no 1 Auer war den Asaz eriwwer. Eng Hellewull banaliséiert Autoe vun der Police, grad ewéi Samu an Ambulanze vum CGDIS si vum Site erofgefuer.