D'CSV-DP-Regierung hätt e Paradigmewiessel duerchzunn an d'sozial Wäerter grondleeënd geännert, sou den LCGB-President a senger Ried um 1. Mee zu Réimech.

Grad ewéi den OGBL huet och den LCGB d‘Regierung stramm an d'Viséier geholl, trotz der Presenz vum Premier Luc Frieden, dem Aarbechtsminister Georges Mischo, an der Sozialministesch Martine Deprez. D'Regierung géing sech als Doudegriewer vun eisem Sozialmodell entlarven, heescht et vum Patrick Duryzu Réimech, wou sech iwwer 1.200 Leit versammelt haten.

LCGB-Kongress um éischte Mee zu Réimech
Obwuel den LCGB der CSV dach u sech am nooste steet, gouf net mat Kritik un der Regierung gespuert. Virun allem CSV-Ministere waren am Viséier.

Schwaarz-Blo hätt e Paradigmewiessel duerchgezunn an d'sozial Wäerter grondleeënd geännert, sou den LCGB-President a senger Ried um 1. Mee. Et géif ëmmer méi kloer ginn, datt een näischt méi vun de Gewerkschafte wéilt wëssen an och net gemeinsam no Léisunge wéilt sichen. Bescht Beispill wier do den aktuelle Projet fir d'Sonndesaarbecht an d'Ëffnungszäiten am Commerce, mee och déi rezent Diskussioune ronderëm de Pensiounssystem. Amplaz Verhandlungen am Tripartite-Format géif d'Ministesch eng reng Show ofzéien, huet de Patrick Dury ënnerstrach. Eng Reduzéierung vun de Pensioune géifen d’Gewerkschaften net akzeptéieren.

"Kolleeginnen a Kolleegen, de Fazit ass kloer: Eng Ministesch, déi haut op dësem Dag och nach net kann oder wëll soen, wéi d’Regierungspolitik an esou engem kruziale Dossier ewéi de Pensioune soll ausgesinn, muss sech d’Fro gefale loossen, ob se d’Leit am Privatsecteur an hir Vertrieder net formidabel veräppelt?"

De Patrick Dury huet sech fir en Auslännerwalrecht staark gemaach. Esou wier d’Chamber méi representativ. D’Regierung hätt domat och d’Méiglechkeet, aner Entscheedungen ze treffen, déi zugonschte vun de Beschäftegten am Privatsecteur wieren.

"Fir deem entgéint ze wierken an de Privatsecteur och politesch ze stäerken, brauche mir d’Walrecht fir d’Chamber fir alleguerten Awunner an dësem Land. Da gëtt och eis Deputéiertechamber vläicht erëm vu méi Mënsche gewielt ewéi Chambre de salariés, déi haut déi eenzeg Vertriedung ass, déi alleguerten d'Salariéen a Rentner aus dem Privatsecteur ka representéieren. Einfach esou weiderfueren, wéi dës Regierung et wëlles huet, dat kënne sech
d’Salariéen aus dem Privatsecteur net méi leeschten. Sozial an engagéiert fir d’Wieler an der Fonction publique a kal a wirtschaftsliberal fir de Privatsecteur! Et geet eis elo duer, deck duer!"

Den LCGB an den OGBL hunn iwwerdeems eng Postkaartenaktioun organiséiert, déi d’Leit dozou oprifft, dem Premier Luc Frieden déi eege Revendicatiounen a Remarken ze schécken. Den 28. Juni wëlle jo den LCGB an den OBGL zesummen op d'Strooss ginn.

"All Mënsch hei am Land weess et elo: den LCGB ass bereet mat de Kolleege vum OGBL an eisem gemeinsame Front syndical bis zum Äussersten ze goen! Mat eis gëtt et keen zeréck!"

LCGB-Kongress um 1. Mee / Reportage Chris Meisch