Eng vun de grousse Froen am Caritas-Skandal ass déi vun der Responsabilitéit vun de Banken.

E Méindeg goufen an der parlamentarescher Spezialkommissioun d'Vertrieder vun der Spuerkeess gehéiert.

D’Spuerkeess ass eng vun de Banken, déi Kreditlinnen accordéiert a Virementen a Millliounenhéicht gemaach hat. D’Vertrieder vun der Bank hunn op déi meescht Froen net geäntwert an op d’Enquête verwisen oder op de Secret professionnel. D’Responsabel vun der Spuerkeess hunn an der Sitzung och net suggeréiert, datt si eppes falsch gemaach hätten. D’Prozedure wiere vu Säite vun der Bank agehale ginn. Si hätten awer gesot, datt et zu engem gewëssen Ament zu engem Kontakt tëscht der Bank an der Caritas komm ass, well een opfälleg Evolutioune festgestallt hat, seet d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding.

Extrait Taina Bofferding

"Bon, et muss een awer och soen, dass hinnen nach eng Kéier opgefall ass, dass méi Viremente getätegt gi sinn an do si se jo och intervenéiert. Si sinn awer do deemools bei der Finanzdirektesch vun der Caritas intervenéiert.
Do soe si, et ass de Client, deen ugëtt, wien den Uspriechpartner ass. Well mer wëssen, wéi d'Geschicht ausgaangen ass, an ech mengen, do stellt sech och d'Fro fir an Zukunft, wann een natierlech déi Persoun kontaktéiert, déi hannert deem Ganzen do stécht, ob een do net en anere System nach misst bréngen."

De fréiere Vize-President vum Verwaltungsrot vun der Caritas Pit Bouché soll iwwerdeems deemnächst an d’Caritas-Spezialkommissioun invitéiert ginn. Dat sot de President vun der Kommissioun, den CSV-Deputéierte Charel Weiler. D’Aarbechten an der Kommissioun sollen iwwerdeems wéi geplangt am Juni ofgeschloss ginn.

Spuerkeess an der Caritas-Spezialkommissioun / Reportage Pit Everling