Arcelor Mittal hat en Dënschdeg hir Aktionären op d’Generalversammlung invitéiert.

Eng Rëtsch Aktivisten hu vun deem Rendez-vous profitéiert, fir virun der Dier ze manifestéieren. D’Initiative pour un Devoir de Vigilance zesumme mat anere Membere vun internationale Koalitioune wéi der Fair Steel Coalitioun hate sech virum Siège vum Stolproduzent getraff.

Haaptrevendicatioun: eng méi gerecht a verantwortungsvoll Stolproduktioun, déi sozial, ekologesch a mënschlech Standarde respektéiert. Si kritiséieren nämlech, datt d’Communautéiten aus deene Regiounen, wou Arcelor Mittal aktiv ass, staark ënnert de Konsequenze leiden.