Veto aus der Gemeng Walfer - an dëse Wunnengen däerf sech nach keen umellen
D’Gemeng Walfer léisst keng Umeldungen zou, wa Wunnunitéiten an engem Neibau net fäerdeg sinn an doduercher fir den Awunner eng Gefor besteet.
Zu Walfer stinn, wéi a villen anere Gemengen, eng Rei Appartementshaiser, wou d’Aarbechten um Chantier lues oder guer net viru ginn. An dësem Fall handelt et sech ëm dräi Bléck mat ronn 60 Unitéiten, bei deenen et deels e Retard vu carrement dräi Joer op déi ofgemaach Remise des clés gëtt. Et kënnt vir, dass en ongedëllege Proprietär oder een, dee sech Prêt à loyer villäicht net ka leeschten, an eng Wunneng plënnert, déi net fäerdeg ass – an an deem Kontext koum elo e Veto aus der Märei. Esoulaang d’Appartementer net fäerdeg wieren, dierft offiziell keen do wunnen, steet et an engem Bréif un de Promoteur.
Fir de Premier stécht de Bausecteur net méi an der Kris. Mee ziel een dat deene Leit, deenen hir Immobilien zu Walfer ewell dräi Joer iwwerfälleg sinn. En Investisseur plot dat sécher net esou uerg wéi een, dee Prêt à loyer muss bezuelen, well een éiweg op säi Schlëssel waart. Zwee haten der op emol d’Nues voll a sinn an hiert Appartement geplënnert, obschonns et net fäerdeg war an ass. A se gounge brav an d’Märei sech umellen a bleiwen emol virleefeg déi zwee eenzeg, déi offiziell registréiert sinn. D’Gemeng gouf nämlech op de Chantier geruff a wat si un Net-Färdegem gesinn hätten, wier alles anescht ewéi Klengegkeeten, sou de François Sauber.
Dat wiere scho méi grav Saachen. Si hätte gesinn, dass d’Gelänner plazeweis géif feelen, dass keng Feierläscher- an Detekteren do waren, dass limitéierten oder guer keen Accès an d'Déifgarage do gewiescht wier. Si kéinten déi Responsabilitéit net iwwerhuelen, et wier ganz einfach ze geféierlech, fir do Leit wunnen ze loossen. Dofir goung e Bréif un de Promoteur, fir deen ze informéieren, dass keng Leit méi géifen ugemellt ginn, iert d’Problemer all geléist wieren, zielt eis de François Sauber.
Ma huet e Gemengeresponsabelen eppes mat der Sécherheet op engem private Chantier ze dinn? U sech ass et net un engem Buergermeeschter eng Wunneng ofzehuelen. Och d’Oplage vun der Baugeneemegung goufen agehalen. De Buergermeeschter erkläert sech, zitéiert aus dem Bréif un de Promoteur, den Extrait aus sengem Gemengereglement.
"Le bourgmestre peut interdire l’occupation de toutes constructions constituant un danger et ordonner l’expulsion des habitants ainsi que la remise en état ou la démolition desdites constructions."
"Wann ech bewosst weess, dass do Securitéitsproblemer sinn, kann ech dach d'Leit sech net einfach do umelle loossen", sou de Walfer Buergermeeschter.
Deen, deen d'Proprietäre vis-à-vis vum Promoteur vertrëtt a deen d'Aarbechten um Chantier am A behält, rëselt hei um Chantier de Kapp. Wat fir seng Clienten hei net dramatesch ass, géif eng normal Famill schonn a Schwieregkeete bréngen, seet de Laurent Tremuth. Hie representéiert d’Investisseuren an esou engem Chantiersdossier.
Mat deene Vefa-Texter (Vente en Etat Futur d'Achèvement) am Code Civil hätte si mat deenen dräi Jore Retard guer keng Méiglechkeet, fir iergendwellech Initiativen ze huelen. An nach méi schlëmm: d’Clientë kéimen elo an d’Situatioun, wou se dee leschte Cent misste bezuelen. An elo wier ee bei de Parties Communes an Extérieures, déi net fäerdeg wieren, an et hätt een hannendru weder Garantie nach Sécherheet, wou déi Suen higéingen, ob déi och heifir benotzt géifen.
Zréck op d’Gemeng: Bis elo hätt hie vum Promoteur keng Äntwert op säi Schreiwes kritt, seet de Buergermeeschter. Mir goufen iwwregens op no der Vakanz vertréischt. Dobäi kéim, dass a der Residenz d’Waasser ganz iwwert de Chantiers-Compteur géing lafen, ouni Filter fir Drénkwaasser an ouni, dass gewosst wier, wie wat consomméiert huet. Fir de Buergermeeschter e weidere Grond, dass den Ament hei kee sech dierft umellen.