Hien ass Amerikaner, mä säin Häerz schléit fir de Grand-Duché. Op de Soziale Medien ass hie bekannt als "An American in Luxembourg".

Bekannt duerch d'Online-Videoen op senger Plattform, huet de Mike McQuaide, d'Land op seng ganz eege Manéier entdeckt – mam Vëlo, a mat enger grousser Portioun Virwëtz.

2013 koum hie mat senger Famill an de Grand-Duché. Aus engem einfache Blog fir seng Frënn an den USA ass dunn eng richteg Erfollegsgeschicht ginn. Zwee Bicher, Dausende Follower an elo, 2025, den Héichpunkt: de Mike war een Deel vum Trounwiessel. Wat do seng Roll war a wéi säi Wee aus den USA bis a seng nei Heemecht ausgesinn huet, verréit hien eis am Video-Reportage.

De kompletten Interview mam "American in Luxembourg" fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Infos.