Am Millewee zu Helsem ass d’Stëmmung tëscht Promoteur an enger Rei Proprietären alles anescht wéi gutt!

De Logementsprojet an dee si investéiert hunn, oder (wou si wëlle) wunnen, huet méi wéi dräi Joer Retard.

Keefer a Promoteur fille sech deen ee vum aneren agresséiert. Déi eng behaapte sech op d’Reegel "clé en main", no där alles muss fäerdeg an uerdentlech gebaut sinn, wann een de Schlëssel kritt. Déi aner weisen drop hin, dass et, zënter der Krise, eng jett Problemer am Secteur gëtt an dass si, als Entreprise alles géife maachen, fir d’Erwaardungen u si z'erfëllen.

“E Retard vun 3 Joer ass definitiv ze laang”

Dat ass d'Ausso vun engem vun de Proprietären, deen de Syndic vun 2 vun den 3 Loe presidéiert.

Enn Mee hate mer schonn an engem Reportage op Problemer ronderëm dësen Immobilieprojet higewisen. Ronn 6 Méint drpp sinn d’Aarbechten um Bau wuel avancéiert an d’Appartementer och zu engem gudden Deel oder ganz fäerdeg, an awer huet de Promoteur mat Clienten ze dinn, déi mam Fanger op dat weisen, dat se versprach an am Kontrakt zougeséchert kruten, wat awer bis haut net agehale gi wier.

Dat Éiwegt-Vertréischt-Ginn, déi ëmmer Nees-Eidel-Verspriechen nerven, sou d’Besëtzerin vun enger Wunneng...et ass esou Munches futti, seet eng Koppel, déi no zwee Joer Retard elo an hirem Penthaus wunnt, an awer hei an do misst Saache flécke loossen. En anere Proprietär, de Sajad Tabibi, wunnt nach ëmmer net a sengem Appartement.

"Kee Schlëssel ouni Signature, datt een de Promoteur net op d’Geriicht hëlt"

Hien zielt eis, dass si ëmmer nees nogefrot hätten, wéini se dann elo kéinten eraplënneren. A se wieren ëmmer nees op e spéideren Datum vertréischt ginn. "Zënter bal dräi Joer waarde mir elo op de Schlëssel... Am ganze sinn et sechs Joer hier, dass mer op der Foire du Logement de Kontrakt ënnerschriwwen hunn – dat war 2019. Mir hu kee Schlëssel, wëll se soen, et wier net fäerdeg. Ase froen eis fir d’éischt e Pabeier z’ënnerschreiwen, wou mir versécheren, si net op d’Geriicht ze huelen. Mä dat hunn ech net acceptéiert ! A se soten och, dass wa mer de Schlëssel kréichen, mir eis nach ëmmer net op der Gemeng dierften umellen".

Mat senger Famill – senger Fra an engem klenge Kand, ass hien elo an engem Weekendhaischen ënnerdaach komm an huet zënter Méint keen Accès a säin Appartement.

Keng Toilette an e fiichte Keller

Eng aner Koppel weist eis, dass si wuel kéinten eraplënneren, mee dat dann ouni Toilette. An da weise se eis hire Keller, an deem et manifestement fiicht ass. En "Nogo", seet de Vertrieder vun den onzefriddene Proprietären, fir e Retard vun 3 bis 4 Joer kéint hie kee Versteesdemech hunn, iergert sech de Lucien Linster, selwer Proprietär, deen och eng Entschiedegung freet.

Säi Locataire Remy Tertre wunnt am Appartement, ass zefridden dobannen, mä méi wéi granzeg iwwer dat, wat bausse leeft! De Chantier ass net fäerdeg an de Kaméidi am Dag wier genee esou wéineg auszehalen, wéi de Knascht an d’Parties Communes, déi net fäerdeg wieren.

Net jiddereen ass onzefridden!

De Claude Jacoby wunnt zënter Juli dëst Joer am Millewee am Bloc Diamante. Och hien huet misse waarden, méi laang wéi annoncéiert. D’Parties communes waren net fäerdeg, seet dëse Proprietär, mee um Enn hätt hien dat Ganzt ofgewien an hien hätt d’Impressioun gehat, dass d’Aarbecht a senger 75 Quadratmeter grousser Wunneng, anstänneg gemaach gi wier. "Et war an engem gudden Zoustand, mat engem Material Haut de Gamme."

"Mir hu siwe Milliounen aus eegener Täsch bäigeluecht", seet Refa!

Dräi Loen, dräi Residenzen déi online ganz chic ausgesinn, an dat och an der Realitéit wäerten erfëllen, denkt ee sech an dat verséchert och de Promoteur. Vun deenen 64 Appartementer wieren der 40 bewunnt an et géif mat nëmmen 10 Proprietäre Problemer. Refa Real Estate verweist op d’Kris, mat hirer ganzer Rutsch u Konsequenzen. An dobäi koum, dass een en Terrain kaf hätt, deen huet misse sanéiert ginn! Den Thomas Becker, Directeur administratif vum Groupe Refa Real Estate erkläert, dass zwee vun dräi Bléck ganz fäerdeg wieren ausser kleng Retouchen, déi misste gemaach ginn. Schied, déi et duerch d’Eraplënneren entstane sinn, zum Beispill.
 
Dass den Entrepreneur géif Faillite maachen, wier a kengem sengem Intressi, soen déi, déi kaf hunn. Déi aner Säit erënnert sech un d’Zäite vum Covid, schwätzt vu punktuelle Schwieregkeeten a vun der Käschten-Explosioun um Material. Am ganze wieren hir Käschten méi héich, wéi dat, wat fir en Appartement erakéim, seet den Thomas Becker a präziséiert, dass säi Grupp siwe Milliounen aus eegener Täsch investéiert hätt, fir de Bau kënne fäerdeg ze maachen. Anerer, wéi den Cenaro, hätten et net gepackt, nach anerer hätten, anescht wéi si, bei der Qualitéit gespuert.

Iwwregens gouf et och eng Pollutioun vum Terrain, als kleng Iwwerraschung.

Fakt ass, dass en Accord Clé en Main ënnerschriwwe ginn ass, an dat klappt nach laang net iwwerall, hei zu Helsem.