Fënnef Blesséierter bei Accidenter an engem Brand
© RTL Archiv
Vun en Donneschdeg op e Freideg haten d'Rettungsekippe vum CGDIS eng ganz Partie Asätz. Dat ënnert anerem bei fënnef Accidenter an engem Brand.
Wéi de CGDIS mellt, waren d'Rettungsdéngschter aus der Stad géint 17.30 Auer op d'A1 a Richtung Stad geruff ginn, nodeems hei en Auto an e Bus kollidéiert waren. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.
Kuerz no 18.20 Auer war iwwerdeem e Foussgänger an der Haaptstrooss zu Mäerzeg ugestouss a blesséiert ginn. Hei waren d'Ambulanciere vu Réiden an d'Pompjeeë vu Mäerzeg am Asaz.
Ronn eng hallef Stonn méi spéit haten d'Ambulanciere vu Mamer an d'Pompjeeë vun Habscht en Asaz op der N8 tëscht Gäichel a Kräizerbuch, nodeems en Auto sech hei iwwerschloen hat. An dësem Fall blouf et awer beim Materialschued.
Zu Bäreldeng an der Route de Luxembourg hat et da géint 22.10 Auer an engem net-bewunnten Haus gebrannt. Eng Persoun gouf beim Brand blesséiert. D'Stater Ambulancieren an d'Pompjeeë vu Steesel waren op der Plaz.
Op der A7 a Richtung Fridhaff ass bal zäitgläich en Auto an eng Leitplank gerannt. Hei waren d'Ambulanciere vum Findel an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen a Jonglënster am Asaz an hu sech ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Op der N13 vun Éileng a Richtung Reckeng op der Mess ass géint 1.57 Auer en Auto an e Gruef geroden. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d'Rettungsekippe vun Esch-Uelzecht a Monnerech.