E Freideg ginn d'Chrëscht- a Wantermäert an der Stad op
© Ville de Luxembourg
D'Winterlights an der Stad ginn dëst Joer den 21. November un a se gi bis de 4. Januar.
An deem Kader sinn dann och nees eng ganz Partie Mäert an aner Attraktiounen uechter d'Stad ze fannen. Dorënner déi véier Mäert op der Plëss, bei der Gëlle Fra, op der Kinnekswiss an op der Paräisser Plaz. Informatiounen iwwer d'Ëffnungszäite vun deene verschiddene Mäert fannt Dir um Internetsite vun der Stad Lëtzebuerg.
Donieft ass um Knuedler mam "Winterkids" e Chrëschtmaart speziell fir Kanner. Wärend der Schoulvakanz, déi den 20. Dezember ufänkt, ass dann zousätzlech de "Winterkids-Village". Hei kënnen d'Kanner an hir Elteren un enger Partie Atelieren an aneren Aktivitéiten deelhuelen.
Eng weider Aktivitéit speziell fir d'Kanner ass dann de "Wanterbësch" am Bambësch, deen dëst Joer déi éischte Kéier organiséiert gëtt. Hei organiséiert de CAPEL tëscht dem 4. an dem 14. Dezember verschidden Atelieren, déi sech u Kanner am Alter vun 3 bis 12 Joer riichten.
Weider Attraktioune sinn de "Festival international du cirque" an de "Lëtzebuerger Adventszirkus", déi den 29. an 30. November respektiv de 4. an de 5. Dezember um Glacis sinn.
Den 30. November mécht iwwerdeems de Kleeschen den Tour duerch d'Stad.