D'Stacey Feinberg vergläicht Féierungsstiler a geet op Sécherheetsfroen an
© Nelson Cheung
An hirem éischten Interview als US-Ambassadrice verréit d'Stacey Feinberg méi iwwert hire Wee vun der Entreprenesch zur Diplomatin.
No just e puer Wochen an hirer neier Funktioun als US-Ambassadrice nennt d'Stacey Feinberg Lëtzebuerg de "Bijou vun Europa" a seet, si hätt sech aktiv dofir agesat, fir de Posten hei am Land ze kréien – dëst a vill méi gëtt ee gewuer an hirem éischten Interview zanter hirer Arrivée am Grand-Duché.
Am Interview e Freideg den Owend schwätzt d'Ambassadrice iwwer hir Entrevue mam Premier Luc Frieden a mécht dobäi e markante Vergläich tëscht senger Aart vu Féierung an där vum US-President Donald Trump, deen si als en ale Bekannten an eng respektéiert Persoun beschreift.
Den Interview dréint sech och ëm Sécherheet. Op d'Fro, ob d'Lëtzebuerger am Fall vun enger russescher Aggressioun op eng vollstänneg amerikanesch militäresch Ënnerstëtzung ziele kéinten, stellt d'Stacey Feinberg den Trump als de "Friddenspresident" duer a weist sech virsiichteg, wéi vill si konkret verrode kann.
An engem méi emotionale Moment schwätzt si iwwer de verstuerwenen Charlie Kirk, deen si als en enke Frënd, e "Märtyrer" an eng Schlësselfigur vun hirem politeschen Engagement bezeechent – an deit un, datt säin Afloss esouguer eng Roll bei hirer Nominatioun gespillt kéint hunn.
Dat an nach vill méi – vu China iwwer Business bis zu hirem Liewen als Mamm vu véier Kanner – e Freideg den Owend am Interview um 20 Auer direkt nom Journal.