De Fernand Marchetti wäert nach dëst Joer demissionéieren

© RTL Archiv
Zu Steesel wäert et zu engem Wiessel um Poste vum Buergermeeschter kommen.
Wéi den aktuelle Gemengepapp Fernand Marchetti RTL op Nofro hi confirméiert huet, wäert hien dëst Joer vu sengem Posten demissionéieren a sech och ganz aus der Politik zeréckzéien. Et géingen nach zwee Dossieren op der Gemeng ginn, déi hie gäre wéilt fäerdeg maachen, éier en e Schlussstréch ënnert seng politesch Karriär zitt. Deemno wéi kéint dat schonn Enn dës Mounts de Fall sinn. De 76 Joer alen LSAP-Politiker steet zanter Mäerz 2022 un der Spëtzt vun der Steeseler Gemeng, deemools hat hien de Poste vum Jempi Klein iwwerholl. Virdru war de Fernand Marchetti zanter 2011 2. Schäffen. Do virdrun hat hien iwwert 30 Joer als Gemengesekretär zu Steesel geschafft. Hie géing sech aus Altersgrënn zeréckzéien, esou de Fernand Marchetti.
Wat d'Successioun um Stull vum Buergermeeschter ugeet, sou kéint et zu engem Generatiounswiessel kommen. Wéi si eis op Nofro hi confirméiert huet, ass déi 40 Joer al LSAP-Conseillère Manon Kolber-Hoffmann um Posten interesséiert. Si war bei de Gemengewalen 2023 op déi sechste Plaz op der LSAP-Lëscht komm an hat domadder ee Sëtz am Gemengerot verpasst. Si ass awer Ufank 2024 fir hier Parteikolleegin Monique Feltgen nogeréckelt.
Wéini et am Gemengerot zum Vott iwwert den neie Buergermeeschter wäert kommen, ass nach net kloer. Zu Steesel ass eng Koalitioun aus LSAP an DP um Rudder. Zesummen hunn déi zwou Parteien 9 vun den 11 Sëtz. Am Koalitiounsaccord steet, datt d'LSAP mat hire 5 Mandater wärend der ganzer Legislaturperiod de Buergermeeschter stellt. D'DP huet 4 Conseilleren a stellt mam Siggy Rausch an dem Claude Schintgen déi zwee Schäffen.
Jee 1 Sëtz am Steeseler Gemengerot hunn d'CSV an déi Gréng.