Nees Abréch an Déifställ aus Autoe gemellt, eng Persoun verhaft

En Donneschdeg an an der Nuecht op e Freideg koum et der Police no op e puer Plazen am Land zu Déifställ aus Autoen.
Sou zum Beispill en Donneschdeg am Nomëtten an der Rue du Rollingergrund am Rollengergronn, wou onbekannt Täter d'Fënster vun engem Gefier futtigeschloen an eng Posch geklaut hunn. E weideren Abroch an en Auto gouf et kuerz duerno op der Route de Thionville zu Bouneweg. Hei hunn Täter eng Rei Géigestänn matgoe gelooss.
A béide Fäll huet d'Police eng Enquête lancéiert.
Eng Festnam am Zesummenhang mat engem Abroch an en Auto gouf et an der Nuecht op e Freideg zu Méchela an der Strooss "Am Brill". Hei waren der Police direkt e puer Persoune gemellt ginn, déi amgaange waren, en Auto opzebriechen. Eng Patrull konnt sur place d'Gefier mat enger futtisser Fënster fannen, kuerz duerno gouf ee Verdächtege festgeholl. Hie kënnt e Freideg am Nomëtte virun den Untersuchungsriichter.