Pro Joer fale weltwäit zwou Milliarden Tonne Knascht un.

Den 20. September gëtt dowéinst all Joer en Zeeche gesat. An 211 Länner a Regioune sammele ronn 19 Millioune Leit  fräiwëlleg Dreck an an triéieren dësen.

Och hei am Land waren um Samschdeg iwwer 50 Leit am Asaz. Ronderëm de Park um Kierchbierg hu si wärend zwou Stonne Knascht agesammelt. Virop Zigarettestëmp, awer och eidel Béchsen, Glas a Plastik. 

Firwat et wichteg ass, grad déi Jonk dofir ze sensibiliséiere manner Knascht ze maachen, gitt Dir am Reportage gewuer.