34 Entreprisen hunn hir Diere fir de Public opgemaach
Dëse Weekend ass am ganze Land déi 19. Editioun vun de Porte-ouverten an de Betriber.
Op 34 Plaze maachen Entreprisen hir Diere grouss op a weisen houfreg, wat a wéi si am Alldag produzéieren. Respektiv wéi eng Servicer si ubidden.
Op www.portes-ouvertes.lu gëtt et den Detail, wéi eng Entreprisen Iech och nach e Sonndeg empfänken a wéi d’Visitten organiséiert ginn.
Eng Ideal Geleeënheet, fir den Handwierker iwwer d’Schëller ze kucken, a fir ze verstoen, wéi d'Beruffer iwwer d'Zäit evoluéiert hunn respektiv wéi Joerhonnerten al Traditiounen héichgehale ginn.
D’Offer ass Breed. Vun der klenger Brauerei bis bei de grousse Schräiner. Vum Gäertner bis bei d’Molkerei. Iwwerall steet "Made in Luxembourg" am Mëttelpunkt.