Pech fir e puer Aarbechter, déi en Donneschdeg am Nomëtteg zu Ëlwen Hecke geschnidden hunn...

Mat hirem Geschier hu se nämlech en Nascht vu Runnen, also Hornissen, geroden. Zwee Aarbechter sinn doropshi vun den Insekte gepickt ginn - een esou uerg, datt Hëllef geruff gouf.

De Rettungshelikopter mat enger Ekipp vum SAMU koum op d'Plaz, dat niewent enger Ambulanz vun Ëlwen, sou de CGDIS op Nofro vun RTL hin. De Mann gouf doropshin en Charge geholl, iwwer säin aktuellen Zoustand ass näischt gewosst.