Vun 558 kontrolléierte Chaufferen haten der 26 gedronk

© RTL Archivbild
D'Police huet an der Nuecht op e Samschdeg kontrolléiert, wie sech alkoholiséiert hannert d'Steier gesat huet.
Fir d'éischt stoung d'Police zu Fréiseng an dat tëscht 22.45 an 00.10 Auer. 309 Automobiliste goufen hei ugehalen, och ouni Indice op Alkoholkonsum. An 11 Fäll war den Test positiv. Fir 5 vun hinne ginn et juristesch Suitten, 6 kruten en Avertissement taxés an 2 kruten de Fürerschäin nach op der Plaz ewechgeholl.
Méi spéit dunn huet sech d'Police zu Diddeleng positionéiert, dat tëscht 01.00 an 02.30 Auer. Kontrolléiert gouf op der Héicht vum Haus Nummer 258 an 225 an dat al béid Direktiounen. Hei goufen 249 Automobiliste ugehalen. A 15 Fäll huet den Otemtest ugeschloen. 5 kruten en Avertissement taxés a 4 kruten de Permis direkt ofgeholl.