Déi Zuele ginn aus enger neier Publikatioun vum Statec ervir, déi sech mat der Demografie am Land ausernee setzt.

An der Haaptsaach ass déi Awunner-Hausse op Leit zeréck ze féieren, déi heihin immigréiert sinn. 25.725 Persounen sinn aus dem Ausland heihi wunne komm. Knapp 16.500 sinn der gaangen.

7.415 Leit hu sech als Lëtzebuerger naturaliséiere gelooss. Derbäi koumen 6.459 Gebuerten, bei 4.471 Doudesfäll. D'Liewenserwaardung bei de Männer läit bei 81 Joer, géintiwwer 85 Joer bei de Fraen.

Et gëtt da liicht méi männlech Residenten, mat 342.812, géintiwwer 339.161 Fraen oder Meedercher.

Et gouf d’lescht Joer iwwregens iwwer 2.576 Bestietnisser an 1.197 Scheedungen.

RTL