D’Lëtzebuerger Betriber wieren nees méi zouversiichtlech, mee d’Zouversiicht huet nach net den Niveau vu virun der Covidpandemie erreecht, also virun 2020.

Dat geet aus enger Ëmfro vun der Chambre de Commerce ervir, un där 580 Betriber mat jeeweils iwwer 6 Salariéen am Abrëll-Mee deelgeholl hunn.

Den ongewëssen internationale Kontext géing op d’Stëmmung weien. Den Ukrainkrich, de Konflikt am Noen Osten an den "errateschen" Handelskrich vum US-President Trump. D'Wirtschaftsprognose fir d'EU wieren iwwerdeems net gutt an heiheem vermësst d'Handelskammer Performancen ewéi fréier. Vun 3% Wuesstem wier ee mat 1% dëst Joer an eventuell 2% d’nächst Joer nach ëmmer wäit ewech.

Als Haaptursaach fir d’moer wirtschaftlech Lag huet den Direkter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen, ënnert anerem Iwwerreguléierung, héich Energiepräisser a schwéierfälleg administrativ Prozedure genannt.

"Droit à l’erreur" a "once-only"

De Carlo Thelen huet dowéinst nees en Appell fir strukturell Reforme gemaach. Reformen, déi an engem "Net-bëlleg-Land" ewéi Lëtzebuerg d’Rentabilitéit nees kéinte stäerken. A Punkto Kënschtlech Intelligenz wier een um gudde Wee a bei de Finanzservicer och. Den Direkter vun der Handelskammer gesäit awer dann nach ëmmer vill Potential bei der administrativer Vereinfachung.

D’Stéphanie Damgé, Responsabel fir den Entrepreneurship bei der Chambre de commerce huet eng Rei vun de Saache genannt, déi d’Betriber sech an der Ëmfro gewënscht hätten: méi zentraliséiert Informatiounen an Demarchen, datt et duergeet eng selwecht Informatioun oder en Dokument just eemol - "once only" - ze ginn, mee och e Recht, sech Mol an der Prozedur ze ieren, ouni dowéinst bestrooft ze ginn.
 
D’Chambre de Commerce hätt dem Wirtschaftsministère eng Rei vun deenen Iddien am November zejoert scho mat op de Wee ginn a wéilt "dohannert bleiwen". Déi eng Mesurë kéinte séier an einfach ëmgesat ginn, wat zum Deel scho geschitt wier. Anerer missten iwwert de legislative Wee goen, wat méi laang dauert. De Carlo Thelen huet allgemeng gewarnt en Dënschdeg: Wann een näischt mécht, da gëtt et eng deier.