Lëtzebuerg gëtt sech en éischte legale Kader fir Nikotinsäckelcher
© JOSEFINE STENERSEN/SVD / TT NEWS AGENCY / TT NEWS AGENCY VIA AFP
D'Schülerkonferenz CNEL huet d'lescht Woch Alarm geschloen, well déi Jonk sech de Gefore vun Nikotinsäkelcher dacks net bewosst wieren.
D'Chamber huet en Donnescheg eng éischte Kéier mat 49 Jo-Stëmmen e legale Kader gestëmmt, mat deem Mindestreegelen fir alternativ Nikotinproduiten wéi d'Nikotinsäckelcher an nationaalt Recht ëmgesat ginn a mat deem d'Antitubakgesetz eng éischte Kéier zanter 2017 iwwerschafft gëtt. 5 Deputéiert waren dogéint, 6 hu sech der enthalen.
Lëtzebuerg geet net op de Wee, fir déi ëmstridde Sachete komplett ze verbidden, mä den Text schreift e ganz niddregen maximale Nikotingehalt vun 0,048 Milligramm pro Säckelche vir. Fir d'CSV-Deputéiert Françoise Kemp géif mam Gesetz e kloert Zeeche gesat. Et wier virun allem e Gesetz fir d'Jugend. Déi Gréng an d'LSAP wiere méi wäit gaangen. De fréieren LSAP-Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo huet der schwaarz-bloer Regierung reprochéiert, virun der Tubakslobby an d'Gette gaangen ze sinn.
D'ADR an d'Piraten dogéint hu kritiséiert, Lëtzebuerg géif mat dësem "Quasiverbuet" näischt erreechen, well d'Leit da just um Schwaarzmaart géifen akafen.
Déi Lénk iwwerdeems hunn de Projet matgestëmmt, well e komplett Verbuet, hirer Meenung no, net efficace wier.
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet ënnerstrach, d'Regierung géif elo virun allem bei de Mannerjäregen nach vill méi op Präventioun setzen an déi europäesch Entwécklunge weider suivéieren.