Eng Léier aus der Pandemie, mä en neie Sozialkonflikt fir Schwaarz-Blo
 
                    © RTL Grafik
Déi national Zentral soll an Zukunft e kriteschen nationale Stock u Medikamenter a sanitäre Produite wéi Schutzmaterial geréieren.
Lëtzebuerg kritt eng national Akafs- a Logistikzentral am Santésberäich. Mat dësem Etablissement public, deen dem Gesondheetsministère ënnersteet, géifen d'Kräfte gebündelt an d’Akeef am Santésberäich méi efficace, sou de Rapporter vum Gesetzprojet, Jeff Boonen vun der CSV. D’Schafe vun der Zentral wier eng direkt Konsequenz vun der Pandemie. D'Zil wier et Zäit a Suen ze spueren a Plaz an de Spideeler schafen.
Déi national Zentral soll an Zukunft e kriteschen nationale Stock u Medikamenter a sanitäre Produite wéi Schutzmaterial geréieren, d’gratis Verdeelung vun Impfstoffer am Kader vun den nationalen Impfprogrammer assuréieren an als zentral Akafsplattform funktionéieren. Donieft soll och d’Gestioun vum medezinesche Cannabis vun der Akafs- a Logistikzentral iwwerholl ginn.
Fir d’DP-Majoritéit huet den Dokter Gérard Schockmel d’Schafe vun der Zentral begréisst. Et dierft een awer de private Secteur net aus den Ae verléieren. Sollt eng deloyal Konkurrenz entsoen, misst senger Meenung no géigegesteiert ginn. Déi ganz Oppositioun vun LSAP, ADR, déi Gréng, Piraten an déi Lénk huet ausdrécklech bedauert, datt d’Ministesch Martine Deprez all Dialog mat der CGFP refuséiert hätt, wat zu engem weidere Sozialkonflikt gefouert hätt.
D’Staatsbeamtegewerkschaft ass dowéinst op d’Conciliatioun gaangen. Den Text ass um Enn mat 47 Jo-, 7 Nee-Stëmmen a 6 Abstentiounen ugeholl ginn.
 
                     
                     
                     
                    