Et ass de Rendez-vous vum Joer fir all Schüler a Studenten. Bis e Freideg kënnen déi Interesséiert mat Unien, Héichschoulen a Cerclen a Kontakt trieden.

Studentefoire um Belval

150 Aussteller aus 17 Länner sinn an de Gebaier vum Uni-Campus zesumme komm, fir de Schüler eng Iwwersiicht vun den Universitéiten, a gläichzäiteg och en Abléck an d'Aarbechtswelt ze bidden.

Och op der 39. Editioun vun der Foire de l‘Étudiant dréint sech rëm alles ëm d‘Zukunft vun de Schüler a Studenten. Vertrieder vun Héichschoulen, Associatiounen a Studenteverbänn aus de verschiddenste Länner, vu Kanada bis Japan, kommen op de Belval, fir d‘Schüler esou gutt wéi méiglech ze beroden. All Joers erëm freeë sech d‘Schüler, eng Plaz a Méiglechkeete gebueden ze kréien, wou se orientéiert ginn an hir Froe beäntwert kréien.
 
No ville Joren an der Luxexpo ass et domat elo déi véierte Kéier hannereneen, datt d'Foire um Belval ass. Ee Site, wou een déi verschidde Stänn gutt kann opdeelen an d‘Méiglechkeet huet, de Studenten de Campus vun der Uni ze weisen, heescht et vu Vertrieder aus dem Héichschoulministere. Der ACEL, der Lëtzebuerger Studentevertriedung, gefält de Site awer net esou gutt ewéi dee fréieren an der Luxepo, esou d‘Sophie Mangen.
 
„Well hei d‘Plaz ageschränkt ass, ee sech iwwer 4 verschidde Gebaier muss orientéieren, an eeben och vill Exposante wechgefall sinn, déi deemools do waren. Dorënner leiden zum Beispill déi verschidde Beruffsbranchen, vill Partner hu misse wechfalen, an de Benevolat, dee lues a lues méi Stänn kritt, awer nach ëmmer vill manner, wéi dat wat fir Lëtzebuerg representativ wier.“
 
Dat huet d‘Studenten awer net dovun ofgehale bis op de Belval ze fueren. Hinne geet et net just drëms e puer Broschüre mat heem ze huelen. Vill Jonker maache sech Gedanken ëm hir Zukunft, froe sech, wéi ee Studium bei si passt, wou se studéiere sollen a wéi et nom Studium soll weidergoen.
 
Suergen a Froen, déi och d‘ACEL dacks vun de Schüler a Studenten ze héiere kritt. Déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat wier ganz an der Rei, d’Käschte géingen zwar all Joers klammen, ma de Ministere kéint och net alles opfänken, seet d‘Sophie Mangen.

„Bei der Finanzéierung, am Géigesaz zur Foire, gi mir eis gutt eens mam Ministere. Do hu mir eng gutt Zesummenaarbecht, d‘Bourse geet ëmmer mam Index mat, mir hunn do vill Upassungen déi lescht Jore gehat. Ech mengen do si mir gutt opgestallt a mir hunn eng Chance do vill Ënnerstëtzung ze ginn, och wann dat d‘Käschten natierlech net deckt, mee et ass eng grouss Hëllef.“
 
Wat d‘Destinatiounen ugeet, geet d‘Tendenz fir an der Belsch ze studéieren, erof. Ëmmer méi beléift ginn Irland an Éisträich, virun allem Wien, wou den Zuele vum Héichschoulministere no mëttlerweil iwwer 800 Lëtzebuerger Residenten studéieren.