D’Spuerkeess krut Ufank Mee eng administrativ Strof vu ronn 5 Milliounen Euro. Dat huet d’Iwwerwaachungskommissioun fir de Finanzsecteur matgedeelt.

Hannergrond ass de Finanzbedruch bei der Caritas. D’CSSF schreift, si hätt an der Suite vun enger Fraude géint eng "Fondation caritative luxembourgeoise" Kontrolle gemaach. Dat fir ze kucken, ob d’Bank hir Obligatiounen am Kader vun der Lutte géint d’Geldwäsch an d’Terrorismusfinanzéierung agehalen hätt. Dobäi huet d’CSSF festgestallt, datt et Lacunne gouf, dat esou wuel an der Konzeptioun vun hirem Dispositif, esou wéi bei der Ëmsetzung an den interne Kontrollen.

"Les lacunes revelées ne résultaient pas uniquement de l’analyse de dossiers individuels, mais elles se sont avérées être d’ordre structurel et systémique", esou d’Finanzopsiicht.

Och bei der BGL BNP Parisbas goufen et Kontrolle vun der CSSF am Zesummenhang mat der Caritas-Affär. D’Iwwerwwachungskommissioun deelt awer näischt iwwer eng Amende mat a seet, dës Interventioun wier ofgeschloss.
Et ass iwwerdeems déi zweethéchst Strof vun der CSSF fir eng Bank. Déi héchst bis elo waren 8,9 Milliounen Euro géint d’Bank Edmond de Rothschild Europe am Joer 2017.

D'Spuerkeess relativéiert iwwerdeem d'Héicht vun der Geldstrof, déi "manner wéi 0,5% vum Ëmsaz vun der Bank am Referenzjoer ausmécht". D'Gesetz vun 2004 gesäit Verwaltungsstrofe vu bis zu 10% vum Joresëmsaz vir.